search

/ Brittesch-chineesesch Relatioun: "Gutt a staark" oder éischter "ganz geféierlech"?

International

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Brittesch-chineesesch Relatioun: "Gutt a staark" oder éischter "ganz geféierlech"?

De brittesche Premier Keir Starmer huet op senger Rees a China d‘Relatioun tëschent den zwee Länner als "gutt a staark" beschriwwen. Mee hie muss vill Kritik astiechen: Vun der Oppositioun doheem, mee och vun der anerer Säit vum Atlantik. 

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Brittesche Premier Keir Starmer op Visitt a China | © EPA/LAUREN HURLEY HANDOUT
Brittesche Premier Keir Starmer op Visitt a China (Foto: EPA/LAUREN HURLEY HANDOUT)

De Keir Starmer géing déi national Sécherheet riskéiere fir wirtschaftlech Grimmele vum chineeseschen Dësch ze kréien, esou sot de Chris Philp, ee konservativen Deputéierten.

Delikat Sujeten

Kritiker erënneren och, datt Groussbritannie China virwërft, Verbrieche géint d‘Mënschheet un den Uiguren, eng moslemesch Minoritéit, begaangen ze hunn.

De Keir Starmer sot, hien hätt dëst am Gespréich mam Xi Jinping en Donneschden ugeschwat, an och de Jimmy Lai hätt hien ernimmt. Dat ass ee pro-demokratesche Mediemogul, deen 2020 zu Hong Kong festgeholl gouf. Hie riskéiert eng liewenslaang Prisongsstrof.

Seng Situatioun huet sech nom Keir Starmer senger Visitt net verännert. De Jong vum Jimmy Lai huet ech dono an engem Interview mat der BBC geäussert.

"Mäi Papp ass nach ëmmer am Prisong zu Hong Kong. Hien ass e brittesche Staatsbierger a gouf arbiträr festgeholl. Dat ass eppes, wat mir ni normaliséiere wäerten. Ob mäi Papp fräigelooss gëtt oder net, ass den ultimativen Test. Et ass e ganz kloert Beispill dofir, wéi China eis Bezéiung gesäit."

D'Suitte vum Brexit

China léisst den Neistart mat Groussbritannie ganz lues ugoen. Beijing huet sech ënner anerem bereet erkläert, Tariffer um schottesche Whisky erofzesetzen. Och solle Britten elo ouni Visa fir bis zu 30 Deeg a China reese kënnen.

De brittesche Pharma-Konzern AstraZeneca huet dogéint versprach, 15 Milliarden Dollar a China ze investéieren.

Fir de Keir Starmer ass et en éischte Schratt fir besser Relatioune mat der zweetgréisster Wirtschaft vun der Welt. Hie muss nämlech dringend d‘brittesch Wirtschaft ukuerbelen, well nom Brexit ass elo och d‘Special Relationship mat den USA um bréckelen.

Reaktioun aus den USA

Den Donald Trump hat e Freiden och well gesot, datt et "ganz geféierlech" fir Groussbritannie wier, mat China Geschäfter ze maachen.

play_arrow Lauschteren