Radioen

On air

Spektrum  |  Marcus King - Hero

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bréissel: Ausernanersetzungen tëschent Police a Baueren

Mat 900 Trakteren

Bréissel: Ausernanersetzungen tëschent Police a Baueren

Zu Bréissel koum et haut zu gréisseren Ausenanersetzungen tëscht Police a Baueren, déi mat ronn 900 Trakteren an déi belsch Haaptstad gefuer sinn, wou d’Agrarministeren aus de 27 EU-Länner iwwer Mesuren diskutéieren, déi hinne sollen entgéint kommen.

auto_stories

1 min

Bauere Bréissel | © picture alliance / Zoonar | Werner Lerooy
Foto: picture alliance / Zoonar | Werner Lerooy

D’Baueren hu probéiert Stroosseblockade vun der Police ze passéieren. Et koum zum Asaz vu Waasserwerfer. 

D’Ministere wiere sech eens, datt een d’Suerge vun de Bauere misst seriö huelen a séier Léisunge fannen, sot eis um Bord vun där Reunioun d’Agrarministerin Martine Hansen. D’Europäesch Kommissioun misst hir Virschléi nach méi detailléiert presentéieren.

D’Representanten aus den eenzele Memberlänner koume mat eegene Proposen an déi Reunioun. Lëtzebuerg géif ënner anerem drop pochen, datt manner Kontrollen néideg sinn an och duebel Sanktioune verhënnert ginn. Entspriechend Ännerungen am Agrargesetz wiere virgesinn, sou d’Martine Hansen.