arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bréif un EU-Kommissioun: Serge Wilmes wëllt Naturschutzdirektiven net elo reviséieren

EU-Direktiv

|
reading time

2 min

Bréif un EU-Kommissioun: Serge Wilmes wëllt Naturschutzdirektiven net elo reviséieren

De Lëtzebuerger Ëmweltminister Serge Wilmes hat zesumme mat sengen Homologen aus Däitschland, Frankräich, Spuenien an Ungarn an engem Bréif un d'EU-Kommissioun virun de negativen Auswierkunge vun enger Revisioun vun deenen Direktive gewarnt.

reading time

2 min

© picture alliance / imageBROKER | Sunbird Images
(Foto: picture alliance / imageBROKER | Sunbird Images)

D'EU-Kommissioun huet nämlech wëlles, d’nächst Joer verschidden Direktive fir den Naturschutz op de Leescht ze huelen, geet aus engem Aarbechtsprogramm ervir, deen haut publizéiert ginn ass. Deemno kënnt d'Europäesch Kommissioun dem Appell vun den Ëmweltminister net no. Et ass awer onkloer, ob dobäi solle Gesetzesännerunge proposéiert ginn. 

Eng Revisioun kéim elo ze fréi

Betraff wieren an deem Fall déi europäesch Vulleschutz-Direktiven, genee ewéi d’Fauna- a Flora-Habitat-Direktiv, déi d’Basis si fir den Natura 2000-Reseau vun Naturschutzgebidder.

Eng Revisioun kéim elo ze fréi. Si géif de Resultater vum lafende Stresstest vun deene Gesetzer virzegräifen an doduerch de Sënn an Zweck vun enger Analys, déi op Wëssenschaft a Fakte baséiert, a Fro stellen, heescht et an deem Schreiwes vun de fënnef Ëmweltministeren. 

D’Kommissioun hat am Mee ëffentlech Consultatiounen iwwer d’Vulleschutz- an Habitat-Direktive lancéiert, als Deel vun engem sougenannte Stresstest. All Diskussioun iwwer d’Zukunft vun deene respektiven Direktive misst d’Resultater mat abauen, betounen déi fënnef Ëmweltministeren.

EU sollt sech ëm adequat finanziell Mëttel bekëmmeren

Déi EU-Direktiven hätten doriwwer eraus iwwer Joren ewech bewisen, datt si effikass sinn a si wieren essentiel dofir, d’Biodiversitéit an Europa ze garantéieren.

D’EU misst dofir suergen, datt déi Gesetzer agehale ginn, sech ëm administrativ Erausfuerderunge bekëmmeren a sécherstellen, datt adequat finanziell Mëttel fir de Naturschutz zur Verfügung stinn. 

"Eis Efforte sollte sech drop konzentréieren, dës Reegelen besser ze maachen, net se ofzeschwächen."

Esou schléisst de Bréif. Dat gesäit awer net jiddereen esou. 

D’Europäesch Vollekspartei, zu där zu Lëtzebuerg d’CSV gehéiert, huet d’Annonce fir d’Vulleschutz- an Habitat-Direktiven op de Leescht ze huelen, begréisst. D’Direktive wiere vereelzt a missten iwwerschafft ginn an op de neitste Stand bruecht ginn, esou de Peter Liese, Europadeputéierte vun der CDU.