Natierlech denkt een do direkt un den Noen Osten. “Déi israeelesch Geisele mussen direkt fräigelooss ginn.”, fuerdert d’Fernanda Perez vun Amnesty Lëtzebuerg. Mee och déi israeelesch Arméi misst bei hirer Interventioun déi allgemeng Reegele vun de Mënscherechter anhalen. Fir all Verstéiss, déi et op den zwou Säite ginn, missten déi Responsabel finalement viru Gericht gestallt ginn, esou der Fernanda Perez hier Conclusioun.
D’Situatioun zu Lëtzebuerg
Natierlech huet ee Land ewéi Lëtzebuerg eng privilegéiert Situatioun. Et ass schonn een Avantage, wann een an engem Land lieft, an deem et Fridde gëtt, esou d’Fernanda Perez. Mee och hei géifen et ëmmer nach eng Partie Problemer ginn. Ënner anerem a Saachen Diskriminatioun. Et gi Leit op Grond vun hirem Geschlecht, hirer Nationalitéit oder hirer Hautfaarf diskriminéiert, seet d'Fernanda Perez. Fir dat ze stoppen, missten Efforte gemaach ginn, Notamment am Domaine Sensibiliséierung. Besser geet ëmmer.