Domat géif de Selenskyj den Drock vun amerikanescher Säit reagéieren. Den ukrainesche Präsident huet d‘Parlament schonn domadder beoptraagt, déi néideg Gesetzeschangementer virzebereeden. Dem Zeitungsartikel no wieren d‘USA just bereet weider Sëcherheetsgarantien ze gi wa Kiew an dëser Fro nogëtt. Och Moskau hat dat ëmmer nees gefuerdert.
Wéinst dem aktuelle Krichsrecht däerfe laut ukrainescher Verfassung eigentlech keng Walen organiséiert ginn.