Radioen

On air

De Weekend  |  Foster The People - Chasing Low Vibrations

play_arrow Live
search

/ Benu-Village: Verdacht op Brandstëftung

Police sicht no Zeien

Benu-Village: Verdacht op Brandstëftung

No zwee Bränn am Escher Benu Village gëtt elo wéinst dem Verdacht op Brandstëftung enquêtéiert. Dat hat d'Wort online gëschter geschriwwen. 

auto_stories

1 min

© CGDIS
(Foto: CGDIS)

Déi zwee Bränn aus de leschten Deeg wiere verschidden, an et war deemno net esou, wéi ee kéint unhuelen, datt dat éischt Feier vun e Mëttwoch gëschter erëm ugaangen ass. 

Gëschter huet et nämlech an engem anere Container, wou eng Schräinerei dra war, gebrannt. Dee Container wier beim éischte Feier net betraff gewiescht. An den éischte Brand wier och kal an deemno ganz aus gewiescht, wéi d‘Pompjeeën e Mëttwoch fortgaange sinn, esou d‘Wort. D‘Police sicht och no Zeien.