Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Bedruchsaffär Hesper: Um strofrechtleche Volet soll sech näischt änneren

Cour d'appel

Bedruchsaffär Hesper: Um strofrechtleche Volet soll sech näischt änneren

An der Bedruchsaffär vun Hesper soll et an de grousse Linne beim Urteel aus éischter Instanz bleiwen. Dat ass de Fazit nom zweete Prozess, op der Cour d’appel an der Stad. Un der Strof soll sech, wann et der Vertriederin vum Parquet général no geet, nëmmen eppes änneren, wat d’Montante vum Schuedenersatz fir d’Gemeng ugeet.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Um strofrechtleche Volet soll sech näischt änneren. An éischter Instanz goufen déi zwee Haaptleit zu siwe Joer Prisong, d’Hallschent dovu mat Sursis, respektiv fënnef Joer Prisong, dräi dovu mat Sursis, condamnéiert.

Déi zwee fréier Gemengebeamten haten iwwer en Zäitraum vu bal 20 Joer am Ganzen eppes méi wéi 5 Milliounen Euro ënnerschloen. Am zweete Prozess goung et gëschter virun allem ëm d’Fro, ob d’Gemeng an dëser Affär och eng Responsabilitéit hat.

Gedeelte Responsablitéit?

Op deem Punkt loungen d’Meenunge vum Me Marc Lentz, Affekot vum Haaptugekloten, a vum Me Pierret, Affekot vun der Gemeng, wäit auserneen. De Me Lentz, och nach Buergermeeschter vu Biwer, huet d’Fro opgeworf, wéi e Fonctionnair sou eppes sou laang maache konnt, ouni datt et opfält.

Wat den Ëmgank mat de Finanzen ugeet, hätt et virum Buergermeeschter Marc Lies e Laxismus ginn. Op Grond vun deene Feeler oder Négligencë vun der Gemeng wier e Partage des responsabilités ze spriechen.

Dogéint war an den Ae vum Me Pierret vill méi kriminell Energie net denkbar. Vu Feeler oder Négligencë vun der Gemeng kéint keng Rieds sinn, sou datt kee Partage des responsabilités ze sprieche wär, well dat e Kaddo fir den Haaptugeklote wier. Villméi hätt d’Gemeng gär déi Suen zréck, déi se geklaut krut, sou hiren Affekot.

Kee Geleeënheetstäter

Um Ufank vun der Sëtzung hat den zweeten Ex-Gemengebeamten säin Appell zréckgezunn, iwwerdeems den Haaptugekloten erkläert hat, et géif him leed doen an hie wéilt sech entschëllegen. Et wier schwiereg gewiescht, do erauszekommen, well et hätt sech eng Eegendynamik entwéckelt.

D’Vertriederin vum Parquet général huet hirersäits vun engem enorme Schued geschwat a vu wëllentlechen Akte vum Haaptugekloten, dee kee Geleeënheetstäter gewiescht wier. “Et ass net, well ee bei de Sue sëtzt, datt ee sech muss zerwéieren.”, huet si betount. D’Strof aus éischter Instanz wier ze confirméieren, a wat d’Confiscatioun vun Immobilien a Wäertsaachen ugeet, kéimen doraus wuel net genuch Suen zesummen, fir jiddereen ze rembourséieren!

D’Appellsurteel ass fir den 13. Mäerz.

Lauschterenplay_arrow