Scho gëschter waren e puer Honnert Trakteren zu Berlin ukomm.
D‘Bauere-Protester riichten sech géint der Regierung hir Pläng, verschidde Subventioune fir d‘Baueren ze sträichen, dorënner déi fir den Agrar-Diesel. D‘Regierung sot si wier bereet, deelweis op déi Kierzungen ze verzichten, mee dat geet de Baueren net duer.