Radioen

On air

Notturno  |  Velly Joonas - Kaes On Aeg

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bal all véiert Kand zu Lëtzebuerg ass vum Aarmuts-Risiko betraff

Gesellschaft

Bal all véiert Kand zu Lëtzebuerg ass vum Aarmuts-Risiko betraff

Ronn 30.000 Kanner zu Lëtzebuerg si vum Aarmut-Risiko betraff. Dat geet aus engem neie Rapport vun UNICEF Lëtzebuerg ervir. Dat, obwuel Lëtzebuerg dat Land ass dat am Verglach zum PIB am meeschte Sue fir Famillje-Leeschtungen ausgëtt. Erstaunt wier een net iwwer dës Zuelen, esou d‘Presidentin vun der Entente des offices sociaux, Ginette Jones.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
D'Ginette Jones ass Presidentin vun der Entente des offices sociaux (Foto: Archiv)

Vill Eltere géife wéinst engem Wunnengsprobleem bei den Office social goen.

„D‘Leit liewen heiansdo a Studioe mat Kanner. (...)An dat ass ee Stressfaktor fir d‘Kanner, fir d‘Famillen, ganz kloer.“

Et géifen einfach vill méi Wunnenge gebraucht ginn, sou d‘Ginette Jones.

Ee weidere Problem wier deen, datt d’Elteren dacks keng Zäit hätten no der Aarbecht nach déi verschidde finanziell Aiden unzefroen. Zefridde weist d’Ginette Jones sech an deem Kontext doriwwer, datt am Regierungsprogramm festgehale ginn ass, den Dossier social partagé ëmzesetzen, wéi d’Entente vun den Offices Sociauxen et och virgeschloen hat.

Et bräicht genuch Gesondheetsberuffer an déi misste valoriséiert ginn

Dat Materiellt wier déi eng Saach, dat anert wier datt d’Elteren duerch hir Situatioun keng Zäit hätten de Kanner nozelauschteren an net present wieren, bedauert d’Ginette Jones. Aus onzefriddene Kanner géifen duerno onzefridden Erwuessener ginn. Dofir wier et nieft dem materiellen, respektiv finanziellen Aspekt wichteg, datt „mir genuch professions de santé hunn, genuch gutt ausgebilte Leit, déi erkenne wou Kanner an Nout sinn.“

Et wier wichteg déi Beruffer ze valoriséieren an de Leit vum Terrain nozelauschteren.

Wann een net op de Kanner hir Besoine géif agoen, da géif herno aus onzefriddene Kanner onzefridden Erwuessener ginn, esou d’Ginette Jones vun der Entente des offices sociaux.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Logement
Politik a Gesellschaft