Radioen

On air

Simon Says  |  Wanda - Bologna

play_arrow Live
search

/ Simone Beissel: "Ech hunn dat sou, am Eifer des Gefechts gesot"

No staarker Kritik

Simone Beissel: "Ech hunn dat sou, am Eifer des Gefechts gesot"

D’DP-Politikerin Simone Beissel entschëllegt sech fir hir Aussoen iwwer Heescherten, déi si an engem Videogespréich mat der fréierer CSV-Politikerin Astrid Lulling gemaach huet, a wéinst deene si an de leschten Deeg kritiséiert gouf. Am Video sot si zum Beispill, si géif Zitat “d’ Heescherte fidderen”. Doriwwer eraus gëtt insinuéiert, Heesche sollt Leit mat Lëtzebuerger Pass virbehale sinn. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Foto: Screenshot YouTube / Apart TV) play_arrow
Foto: Screenshot YouTube / Apart TV

Den DP-Präsident Lex Delles sot eis, d’Demokratesch Partei géif fir d’Dignitéit vun de Mënschen a fir e respektvollen Ëmgang stoen an datt och d'Stater Schäffe Simone Beissel déi Valeure géif vertrieden.

"Mënscherechtsveruechtent Aussoen"

Dem President vun der Mënscherechtskommissioun Gilbert Pregno no, wieren d’Aussoe vun der Simone Beissel aus dem Video awer "mënscherechtsveruechtend" a Waasser op d’Mille vun deenen, déi populistesch Iddie wëlle verbreeden. 

"Do waren awer wierklech Saachen dran, déi ware mënscherechtsveruechtent. Do geet et riets vun Heescherte fidderen, do geet et rieds vu Roma a Sinti, also dat dote geet einfach net."

De Gilbert Pregno wërft och d’Fro an de Raum, wéi déi Deputéiert an der Majoritéit mat esou Aussoe wëllen ëmgoen. 

Simone Beissel: net realiséiert, datt Wierder kéinte falsch opgeholl ginn

Den DP-Minister Lex Delles sot op eis Nofro hin, datt hie mat der Simone Beissel geschwat hätt, an datt si géif bedaueren, datt si de falschen Toun getraff hätt. Si hätt sech och fir hir onglécklech Aussoen entschëllegt. D’DP-Politikerin op eis Nofro hin: 

"Nee, ech hunn net realiséiert, datt déi Wierder, déi ech gebraucht hunn, kéinte falsch opgeholl ginn. Verstitt der, ech hunn dat sou am Eifer des Gefechts gesot an ech entschëllege mech fir déi Wierder, déi ech gebraucht hunn, well déi jo dann net adäquat waren."

Op d’Fro, wat fir Konsequenzen dat do elo fir si huet, huet de Lex Delles net wollten äntweren. D’Simone Beissel fënnt, datt et mat der Entschëllegung gedoen ass.

"Mee, ech hu gesot, ech entschëllege mech an ech man dat, well dat lo ugeholl gëtt, datt dat soll gemaach ginn."

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft