Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ausgewisenen iranesche Kënschtler geet net an Appell: "Ech géif meng Suen domat verléieren"

Vill kritiséierte Fall

Ausgewisenen iranesche Kënschtler geet net an Appell: "Ech géif meng Suen domat verléieren"

Den iranesche Kënschtler Alborz Teymoorzadeh geet net an Appell géint d’Decisioun vum Inneministère fir hien auszeweisen. Uganks dës Mounts war bekannt ginn, datt hie seng Openthaltsgeneemegung hei am Land net erneiert géif kréien. Am 100,7 Interview äussert sech den Alborz Teymoorzadeh selwer dozou.

auto_stories

2 min

headphones

4 min

© Daniel Fragoso play_arrow
Foto: Daniel Fragoso

Uganks dës Mounts war bekannt ginn, datt de Kënschtler seng Openthaltsgeneemegung hei am Land net erneiert géif kréien. Dat, well hien net genuch eege finanziell Ressourcen hätt. De Fall huet fir vill Kritik gesuergt.

De Reseau vun de Centre-culturellen zu Lëtzebuerg huet sech notamment iwwerrascht an entsat gewisenZumools, well et sech géif ëm ee Kënschtler handelen, deen um Punkt gewiescht wier, fir een CDD an engem Centre culturel hei am Land ze ënnerschreiwen. Et géif nawell kee Sënn maachen an Appell ze goen, esou den Alborz Teymoorzadeh.

"Ech hu scho mat e puer Affekote geschwat. An déi sote mir, datt si op d’Geriicht kënne goe fir mech, datt si fir mech kämpfe kënnen. Mee datt ech meng Sue géif domat verléieren an datt si wéissten, datt esou Fäll net wäerte gewannen.“

Der Regierung déi ekonomesch Valeur vun der Konscht bäibréngen: "Net meng Aufgab"

Fir den Alborz Teymoorzadeh misst seng Situatioun als Fallbeispill gesi ginn. Hie selwer hätt d'Openthaltsgeneemegung net gebraucht. Fir anere Leit kéinte sou Decisiounen awer hiert Liewe veränneren oder zerstéieren, ënnersträicht de Kënschtler. Ob hien elo zeréck an den Iran geet wëll hien iwwerdeems net soen. "Dat geet d’Lëtzebuerger Regierung näischt un", seet den Alborz Teymoorzadeh.

Et wier och net seng Aufgab der Regierung déi ekonomesch Valeur vun der Konscht bäizebréngen. Dat wier och generell net d'Aufgab vun de Leit an Institutiounen am Kultursecteur.

Lauschtert de ganzen Interviewplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft