arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Atomkraaft nee merci? Debatt iwwert Positioun vu Lëtzebuerg

Chamber

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Atomkraaft nee merci? Debatt iwwert Positioun vu Lëtzebuerg

An der Chamber ass haut um Donneschdeg d'Lëtzebuerger Positioun zur Atomenergie debattéiert ginn, dat op Ufro vun Déi gréng. Si wollte wëssen, wéi d'Regierung an Zukunft domat ëmgoe wëllt, datt Atomenergie op EU-Niveau als nohalteg agestuuft gëtt.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
D'Atomkraaftwierk zu Tihange an der Belsch. | © IndustryAndTravel/Bigstock
D'Atomkraaftwierk zu Tihange an der Belsch. (Foto: IndustryAndTravel/Bigstock)

Géint dës Decisioun vun 2022, datt Nuklearenergie als nohalteg gëllt, hat Éisträich Recours beim Europäesche Geriichtshaff agereecht. Lëtzebuerg hat sech deem ugeschloss. Am September hat den Europäeschen Tribunal de Recours zeréckgewisen: Atomenergie däerf weiderhin als nohalteg agestuuft ginn.

Juristesch keng Argumenter méi

Lëtzebuerg géif dogéint kee Recours méi aleeën. Dat huet haut um Donneschdeg den DP-Energieminister Lex Delles ugekënnegt. Juristesch hätt ee keng Argumenter méi. Iwwerdeems wéist Éisträich selwer och nach net, ob si an de Recours ginn oder net, esou de Wirtschaftsminister.

"A wann Der vun der Demokratie schwätzt, vun demokratesche Wäerter schwätzt, da muss een awer och dovunner schwätzen, dass mer en Urteel unhuelen"

De Lex Delles wollt iwwerdeems d'Kritik net gëlle loossen, d'Regierung géif net proaktiv géint d'Atomenergie virgoen. Et wier ee fir d'Schléissung vun den dräi Atomzentralen an der Géigend vu Lëtzebuerg, an d'Positioun vu Lëtzebuerg hätt sech deemno net geännert, esou den DP-Minister. 

De Lénken Deputéierten David Wagner huet awer a Fro gestallt, wat de Minister sot. Duerchaus wier et ze begréissen, datt d'Regierung seet, si wier fir erneierbar Energien. Mee de Versteesdemech an d'Kohärenz géif fir Déi Lénk awer do ophalen, well doriwwer eraus d'Politik sech verännert hätt. D'Regierung wier elo net méi richteg géint den Ausbau vun der Atomkraaft, mee fir den Ausbau vun den erneierbaren Energien, esou den David Wagner.

"De Premierminister geet méi wäit a vertrëtt d'Positioun, dass d'Atomkraaft an der Zukunft eng wichteg Roll misst spillen."

Den Tom Weidig vun der ADR huet iwwerdeems d'Aktualitéitsstonn genotzt fir Zitat "eng Lanz fir d'Atomenergie ze briechen.

"Der ADR, an och mir, ass et komplett egal, wat fir Energieform mir benotzen, mir si weeder pro -nuklear, nach si mer anti -nuklear, mir loossen eis net vun Ideologie blenden a wëlle pragmatesch déi beschten Energiequell notzen."

Atomenergie géif zu Onrecht verdäiwelt ginn. Den Tom Weidig ass iwwerdeems, grad wéi d’CSV, der Meenung, datt Lëtzebuerg sech net dierft bei anere Länner an hiren Energiemix amëschen.

Reaktioun vun Déi gréng 

An engem Communiqué hunn déi Gréng sech no der Debatt geäussert: Wann ee wierklech géint Atomenergie wier, da misst een all Geleeënheet notzen, fir sech ze positionéieren, dat och op europäeschem Niveau.  

play_arrow Lauschteren