Den Däiwel stécht wéi esou dacks am Detail: 5 Secteure goufen am Règlement grand-ducal zum Klimagesetz festgeluecht: Beim Transport an an der Landwirtschaft ginn d'Limitten agehalen, mee beim Logement, de klengen Industriebetriber an der Waasseropbereedung ginn et zum Deel staark Depassementer.
Ziler fir verschidde Secteuren ze ambitiéis
Dowéinst gouf et och Kritik vum Mouvement écologique. Et ginn ambitiéis Zuelen am Règlement grand-ducal vum Klimagesetz an et gi méi rezent Statec-Projektiounen, relativéiert dogéint de Klimatolog Andrew Ferrone, zoustänneg fir Klimapolitik am Ëmweltministère.
"Effektiv hunn déi Projektioune gewisen, datt déi Zifferen, déi Opspléckung tëschent de Secteuren, déi am Règlement grand-ducal festgehale sinn, fir verschidde Secteuren e bëssen ze ambitiéis waren, wärend bei deenen anere Secteuren d'Schrauwe konnte méi ugezu ginn. Dat ass notamment de Cas bei de klengen Industrien."
Do wiere se am Règlement grand-ducal e bëssen ze ambitiéis. Par contre ass awer festgestallt ginn, datt beim Transport duerchaus méi méiglech gouf, wéi dat am Règlement grand-ducal de Fall war.
Eng Sensibiliséierung entsteet
Politesch Iwwerleeungen hätte bei deenen Decisiounen awer keng Roll gespillt, erkläert nach den Andrew Ferrone.
"Also bei der Opstellung vun de Projektiounen huet d'Politik keng Roll gespillt. Wat do wierklech gekuckt ginn ass waren ekonomesch Facteuren, notamment do, wou et effektiv am effizientste war, fir den CO2 anzespueren. An dofir ass eeben déi Ännerung par rapport zum Règlement grand-ducal komm, well festgestallt ginn ass, datt et méi effizient ass - an och a priori e bësse méi einfach ass - kuerzfristeg am Transport méi anzespueren."
Och wa fir d'Klima um Enn zielt, wat als Gesamtemissioun ausgestouss gëtt, wier et awer wichteg, déi verschidde Secteuren eenzel ze kucken: Et géif eng Sensibiliséierung entstoen an d'Politik wéisst, a wéi engem Beräich se géigesteiere misst, esou nach de Klimatolog.
Den detailléierte Rapport soll am Mäerz 2026 verëffentlecht ginn.