arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zu Käerjéng soll geschwë grénge Waasserstoff produzéiert ginn

Energie

|
headphones

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Zu Käerjéng soll geschwë grénge Waasserstoff produzéiert ginn

Zu Käerjeng soll vum nächste Joer u grénge Waasserstoff produzéiert ginn. Dat am Kader vum sougenannte LuxHyVal Projet. Et ass deen zweete Projet an deem Genre, deen zu Lëtzebuerg entsteet.

headphones

3 min

headphones

4 min

play_arrow
©  EPA/CHRISTOPHER NEUNDORF
(Foto: EPA/CHRISTOPHER NEUNDORF)

Bis elo gi 95 Prozent vum Waasserstoff weltwäit mat fossillen Energien hiergestallt, dat heescht mat Gas, Pëtrol oder Kuel. Fir gréngen an also proppere Waasserstoff ze produzéiere muss ee par contre erneierbar Energien notzen, virun allem Stroum, deen iwwer Wand- oder Sonnenenergie produzéiert gëtt.

Zu Käerjeng gëtt dee Modellprojet zesumme mat der UNI, dem Stroumprovider Enovos, a Partner aus 7 Länner ausgeschafft. Dobäi gëtt déi sougenannten Elektrolyse-Technologie agesat. Mat Hëllef vu Stroum gëtt de Waasserstoff an de Sauerstoff getrennt.

Ouni Subventioun net méiglech

D'Technik ass bekannt, an och wéi ee Waasserstoff kann iwwer Stroum hierstellen, awer et geet hei ëm erneierbar Energien, déi am Dag, wann d'Sonn schéngt oder bei Wand, verfügbar sinn, erkläert d'Anouk Hilger, Responsabel vum Departement erneierbar Energië bei Enovos.

"D'Technologie ass natierlech eng Saach. Déi aner Saach ass awer och, fir datt dat optimal leeft. Dat heescht, wa mir Stroum eeben hunn, wéi maache mir dann deen Aarbechtszyklus, fir do sécherzestellen, datt mir da produzéieren an datt mir dann awer op där anerer Säit och d'Logistik hannendrun hunn, déi dat dann natierlech ofhëlt, an datt mir dat dann och dertëschent stockéieren."

D'Produktioun vu Waasserstoff ouni fossil Energien ass méi deier an ass ouni Subventiounen eigentlech nach net kompetitiv. An deem heite Projet ginn et dofir vum Staat Subventiounen, betount d'Anouk Hilger.

"De Staat hat eng Ausschreiwung gemaach fir Projeten ze subsidéieren. An do war de Maximum vun all Projet, deen de Subsid krut, bei 30 Milliounen Euro."

Bal 2 Tonne Waasserstoff den Dag

Pro Dag sollen an der neier Anlag zu Käerjeng 1.750 Kilogramm Hydrogen produzéiert ginn. E Bus, deen exklusiv mat Waasserstoff bedriwwe gëtt, verbraucht jee no Gefier tëschent 6 an 13 Kilogramm pro 100 Kilometer, erkläert d'Anouk Hilger.

"Mir plangen, fir 330 Tonne Waasserstoff d'Joer ze maachen. Dat ass eng Elektrolyseur-Capacitéit vu 5 Megawatt. Mir sinn amgaange mat plangen, datt mir elo ufänken, déi ganz Autorisatiounsprozeduren unzegoen an dann, datt mir dann hoffen, datt mir am Laf vum nächste Joer alles stoen hunn, an datt mir dann eeben ufänken och mat bauen."

D'Zil wier et, 2027 operativ ze ginn.

D'Anlag zu Käerjeng soll virun allem lokal Konsumente beliwweren, erkläert d'Anouk Hilger vun Enovos.

"Also mir hu virgesinn, datt mir eng Tankstell derbäi hunn, wou da Busoperateure wäerten tanke komme mat hiren Hydrogens- oder mat hiren hybride Bussen, an op där anerer Säit hu mir awer och eng Statioun, wou dann eeben Trailere kommen, déi da bei den Industriellen de Waasserstoff wäerten hiféieren, datt een en do kann direkt a sengem industrielle Prozess kann asetzen."

Ee groussen Defi bleift bestoen

Et gi 17 Partner aus 7 Länner, déi un deem Projet bedeelegt sinn. Déi Anlag, déi vun der Uni Lëtzebuerg superviséiert gëtt, soll och an anere Länner kënnen implantéiert ginn, seet d'Anouk Hilger.

"D'Iddi ass, datt d'Uni déi verschidden Elementer, déi mir dann eeben do maachen, wéi en digitalen Twin maachen, fir ze kucken, wéi leeft et op där enger Säit, soudatt mir dat dann eeben och kéinten transposéieren an déi aner Länner. An do si mir mat aneren Hydrogenvaleten an Tschechien an och an der Ukrain amgaangen ze kucken."

Nieft der Ukrain an Tschechie sinn och aner Länner matagebonne wéi Spuenien, Däitschland, Frankräich an Australien. Dëst si relativ kleng Produktiounskapazitéiten.

A fir mëttelfristeg gréisser Volummen u Waasserstoff ze importéieren, fir d'Industrien dermat ze beliwweren, misst Lëtzebuerg u gréisser an international Leitungen ugeschloss ginn. Wéi déi Energie an Zukunft CO2-neutral soll sinn, dat ass de groussen Defi fir d'Zukunft.

play_arrow Lauschteren