Waasserstoff wäert an Zukunft eng Schlësselroll an der Energietransitioun spillen an der Wirtschaft hëllefen, d'CO2-Neutralitéit ze erreechen, betount d'Laurence Zenner, Direktesch vum Energiereseau-Bedreiwer Creos. Dee Waasserstoff gëtt awer gréisstendeels wäit ewech produzéiert. Ëmsou méi wichteg ass et also elo, den Transportreseau opzebauen.
Eemol queesch duerch d'Land
Den Numm vum Projet kléngt den éischten Ament net onbedéngt evident: Hy 4 Link. Dat steet fir Hydrogène – also Waasserstoff - fir 4 Länner. Et ass ee wesentleche Projet fir eng propper Energieversuergung an der Groussregioun.
D'Zil ass et, d'Regioun mat den europäesche Leitungen ze verbannen, erkläert d'Laurence Zenner.
"Dat eent ass vu Bouzonville a Frankräich iwwer Diddenuewen an dann zu Fréiseng op Lëtzebuerg eran. Da géif dann eng Leitung duerch d'Land goen an déi géif dann zu Bras bei Baaschtnech erausgoen an dann a Richtung Belsch. A Frankräich géif se dann ugeschloss ginn un d'Leitung, déi a Richtung Mediterranée geet, d'BarMar (Barcelona Marseille) engersäits, an anerersäits ebe bis a Spuenien eran. An an der Belsch géif et dann och a Richtung goe vun de grousse Leitungen, déi d'Belsch mat Däitschland verbannen, an déi dann och a Richtung Holland ginn."
Eng Transitioun, déi Zäit brauch
Vun 2050 u sollen d'Industrien europawäit CO2-Neutral sinn. Fir d'Stolindustrie zum Beispill, mee och fir aner Betriber, déi bis elo Gas an hirem Produktiounsprozess agesat hunn, grad ewéi fir de Laangstreckentransport iwwer d'Strooss ass de Waasserstoff eng Alternativ zum Gas an zum Diesel.
Well een awer an enger Transitiounsphas ass, mussen déi aktuell Gasleitungen d'Clientë weider bis 2050 beliwweren. Se vun haut op muer op Waasserstoff ëmzestelle wier dowéinst net méiglech. Dohier de Besoin an den nächste Joren, déi nei Waasserstoffleitungen ze installéieren.
Mam Projet MosaHyc gëtt deen éischten Tronçon uganks den 2030er Jore realiséiert. De Waasserstoff fléisst dann tëscht Diddenuewen a Fréiseng a vun do aus an de Süde vum Land. A bis 2034 kéint och d'Hydrogène-Leitung a Richtung Belsch fäerdeg sinn.
De grousse Virdeel vum Waasserstoff
Iwwer déi multilateral Vernetzung kéint een dann aus ënnerschiddlechen europäesche Regioune mat Waasserstoff beliwwert ginn. De Gros vum Hydrogène wäert vun do kommen, wou et am meeschte Potential gëtt fir proppere Stroum ze produzéieren, erkläert d'Laurence Zenner.
"Do gëtt et am Norden eebe bei den Häfen am Mier Offshore Wandrieder. Am Süde gëtt et a Spuenien zum Beispill ganz vill PV-Anlagen. An dat sinn eigentlech Sourcen, wann een elo vu méi wäit ewech kuckt, wéi een do eebe ka grénge Waasserstoff notzen."
Waasserstoff huet ee grousse Virdeel, an dat ass deen, kënne gelagert ze ginn, erkläert de Peter Hamacher, Direkter fir d'Strategie an de Marché bei Creos.
"An op där Streck, no bei Nancy, läit och dee Späicher fir den H2 och zu Späicheren. Dat heescht, dat ass och méiglech, am Géigesaz zum Stroum, datt een dee Waasserstoff och kéint späicheren, wat e ganz grousse Virdeel vum Waasserstoff vis-à-vis vum Stroum ass."
En anere Virdeel wier deen, datt d'Gasnetz generell vill méi einfach ze bedreiwe wier, wéi e Stroumnetz. Dat wéinst de Frequenzschwankungen, esou de Peter Hamacher. Déi Schwankungen entstinn, wann d'Produktioun an d'Demande u Stroum net iwwerteneestëmmen.