arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bensinn am Kanister: Wat erlaabt ass, a wat net

Un der Grenz

|
reading time

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Bensinn am Kanister: Wat erlaabt ass, a wat net

Wie Bensinn-Kanistere wëllt opfëlle fir vun de Präisënnerscheeder ze profitéieren oder fir weider Präishaussen ze antizipéieren, muss oppassen. Et ginn nämlech kloer Reegelen, speziell wann ee wëllt iwwer d’Grenz fueren.

reading time

3 min

headphones

3 min

play_arrow
© picture alliance / SZ Photo | Florian Peljak
(Foto: picture alliance / SZ Photo | Florian Peljak)

Zënter dem Ufank vum Krich am Noen Oste sinn d’Präisser vu Bensinn an Diesel op den Tankstellen zu Lëtzebuerg ëm 20, respektiv 40 Cent de Liter geklommen. Trotzdeem leien d’Präisser zu Lëtzebuerg ënner deenen an de Nopeschlänner.

Kanister just fir Maschinnen, déi net op der Strooss kënne fueren

Zu Lëtzebuerg gëllt: Et dierf ee bis zu 20 Liter Bensinn oder Diesel transportéieren. Dat kann an engem oder méi Kanister sinn. Dobäi gëllt awer, datt de Brennstoff, deen transportéiert gëtt, fir e Motor vun enger Maschinn muss geduecht sinn, déi net op der Strooss dierf zirkuléieren, also zum Beispill fir eng Méimaschinn oder eng Motorsee.

Eng Ausnam gëllt just, wann en Auto stoe bliwwen ass, well den Tank eidel ass. An deem Fall dierf ee Sprit mathuelen an et muss een um kierzte Wee vun der Tankstell bei den Auto en panne fueren.

Geldstrof bis e puer Dausend Euro

Wien zu Lëtzebuerg géint de Règlement grand-ducal verstéisst, deem seng Kanistere géifen inklusiv Brennstoff saiséiert ginn, heescht et op Nofro hi vun der Douane. Donieft géif e Procès-verbal opgesat ginn. Jee no Gravitéit kann d’Geldstrof vun 251 Euro bis e puer Dausend Euro goen.

D’Limitt vun 20 Liter gëllt och, wann ee Bensinn oder Diesel wëllt mat an Däitschland huelen. Hei muss allerdéngs de selwechte Brennstoff am Kanister si wéi am Tank vum Auto oder vum Camion, mat deem ee fiert. Wien doriwwer eraus Bensinn iwwer d’Grenz mathëlt, muss dofir Energiesteier bezuelen, schreift den däitschen Zoll.

Wien eng ze grouss Quantitéit dobäi huet muss och domat rechnen, datt eng penal Prozedur ageleet gëtt. Wéi vill “ze vill” ass a wéi héich d’Geldstrofe kënnen ausfalen, dat wollten déi däitsch Autoritéiten op eis Nofro hin awer net preziséieren.

Belsch: "Bidon de réserve appropriée"

An der Belsch ass déi maximal Quantitéit u Brennstoff, déi een dierf transportéieren, dogéint net kloer definéiert. Et dierft een e “Bidon de réserve appropriée” transportéieren, heescht et vun der belscher Douane.

Et dierf also just een eenzege Behälter sinn. Wéi vill deen dierf faassen ass onkloer. Sollt eng “quantité atypique” festgestallt ginn, muss een och an der Belsch Steiere bezuelen. De Minimum u Strof, deen een an der Belsch muss bezuelen, si 625 Euro. Bei méi schwéiere Fäll kann et souguer zu enger Prisongsstrof vu bis zu engem Joer kommen.

Franséisch Limitt ass 10 Liter

Och a Frankräich gëllt dem Gesetz no eng Limitt vun 10 Liter, déi een zousätzlech dierf an d’Land mat eran huelen. Wien doriwwer rausgeet, mécht sech och hei strofbar.

Allgemeng léisst sech soen, datt jiddereen, deen zu Lëtzebuerg zousätzlech zum normalen Tank och nach Reserven tankt, géint de Règlement grand-ducal verstéisst. Och wann een en Accord mam Gesetz a sengem Heemechtsland ass.

play_arrow Lauschteren