arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Gemenge mobiliséiere sech géint Atomenergie

Nei al Allianz

|
headphones

1 min

Lëtzebuerger Gemenge mobiliséiere sech géint Atomenergie

“Lëtzebuergesch Gemenge forméiere sech nei géint d’Atomenergie” ass e Communiqué vum Nomëtten iwwerschriwwen. Dora steet, datt de Réiser Buergermeeschter Tom Jungen d’Initiativ ergraff hätt, fir d’fréier Plattform vun de Gemenge géint Atomenergie nei opliewen ze loossen.

headphones

1 min

D'Atomkraaftwierk zu Tihange an der Belsch. | © IndustryAndTravel/Bigstock
D'Atomkraaftwierk zu Tihange an der Belsch. (Foto: IndustryAndTravel/Bigstock)

Fir eng éischt Reunioun wäre Vertrieder aus 12 Gemengen op Réiser komm, an an der Tëschenzäit hätte sech bal 30 Gemengen der Allianz ugeschloss. Et wier ee géint d’Atom- a fir erneierbar Energie, an et hätt een eng Entrevue mam Energieminister Lex Delles ugefrot, sou déi nei Gemenge géint Atomenergie.