Den aktuelle staatleche Subsid fir de Stroumpräis war um Ufank vum Joer schonn hallwéiert ginn, an de Stroum gouf dowéinst méi deier. Fir ze verhënneren, datt d'Präisser nach méi klammen, wann de Subsid um Enn vum Joer ofleeft, huet d'CSV-DP Regierung eng aner Form vu Subventioun decidéiert: An zwar bei de Käschte vun de Stroumnetzer.
Déi gi fir dëst Joer op 301 Milliounen '‘Mesure soll op d'mannst dräi Joer laang gëllen. Den deementspriechende Gesetzesprojet gouf virun zwou Wochen am Regierungsrot ugeholl a läit elo vir.
Stroumpräis kéint 9 Prozent erofgoen
Wéi de Premier Luc Frieden scho virun zwou Woche bei der Annonce vun där Mesure sot, géifen doduerch d'Stroumpräisser d'nächst Joer héchstwarscheinlech liicht erofgoen. Am Gesetzesprojet, dee vum DP-Energieminister Lex Delles deposéiert gouf, heescht et méi konkreet: Duerch déi staatlech Subventioun vun den Netzkäschte géif e Stot mat engem duerchschnëttleche Stroumverbrauch 3,9 Cent pro Kilowatt-Stonn manner bezuelen. Dat wieren 136 Euro d'Joer, wann een et op e Joresverbrauch vun 3.500 kWh héich rechent.
Eise Journalist Pierre Reyland mat weideren Erklärungen am Moiesstudio
De STATEC schätzt, datt de Stroumpräis d'nächst Joer ëm 9 Prozent kéint erofgoen. Dat wéinst der staatlecher Subventioun vun den Netzkäschten, an och well eng liicht Baisse vun de Präisser op de Stroummäert erwaart gëtt.
Präis zu Lëtzebuerg ënner der europäescher Moyenne
De STATEC-Direkter Tom Haas huet am 100,7 Interview awer betount: Déi geschate Baisse vum Stroumpräis wier just approximativ, well een nach net weess, wéi héich d'Netzkäschten d'nächst Joer wäerte sinn. Déi ginn eréischt um Enn vum Joer tëschent den Netzbedreiwer an dem Regulateur ILR festgeluecht.
Am Gesetzesprojet fir d'Subventioun vun de Stroumnetzkäschte betount d'Regierung: Abordabel Energiepräisser wiere wichteg fir d'Industrie, d'Wirtschaft an dat soziaalt Liewen, an essentiel fir d'Elektrifikatioun an eng gerecht d'Transitioun vu fossillen op erneierbar Energien.
De Stroumpräis zu Lëtzebuerg wier ënner der europäescher Moyennen, esou nach d'Regierung. Dat wier e wirtschaftlechen a sozialen Atout, deen ee bäibehale sollt.