Wien am Frankräich a Ballungsraim wéi de Groussstied mam Auto ënnerwee war, huet missen eng Vignette hunn, déi beweist, datt d’Gefier gewëss Ëmweltnorme respektéiert. Fir Autoen, déi immens verschmotzen, war den Trafic vu méindes bis freides vun 8 Auer moies bis 20 Auer owes verbueden.
Positiv Auswierkunge vu bis elo kéinten nees eliminéiert ginn
Zu Paräis gouf esou eng ZFE 2017 ageféiert an 2019 op d’Agglomeratioun erweidert. De Paräisser Observatoire Airparif huet an enger Etüd constatéiert, datt sech dës Mesure immens positiv op d’Loftqualitéit an der Haaptstad ausgewierkt huet, wéi d’Lou Méchin vum Observatoire erkläert: d’Zonen hu gehollef d’Stéckoxiden an der Loft ëm 14 Prozent ze reduzéieren.
Leschte Mount goufen dës Zonen am Kader vun der Loi de simplification de la vie économique vun der Droite an Extrême-Droite suppriméiert. Dat hätt awer gravéierend Konsequenze fir d’Loftverschmotzung, seet d’Lou Méchin.
Et wier een haut no drun de Seuil ze respektéieren, eng Suppressioun géing nees e Retard vun zwee Joer verursaachen.
Net manner wéi 28 Milliarden Euro d’Joer kéint den negative wirtschaftlechen Impakt vun enger Suppressioun am Raum Île de France bedroen, rechent Airparif an enger Etüd. Ënner anerem wéinst dem materielle Schued u Gebaier duerch gëfteg Ofgasen, mee virun allem wéinst de gesondheetleche Suitte fir d’Populatioun duerch d’’Loftverschmotzung.
Legalitéit vun der Suppressioun a Fro gestallt
Fir d’Gauche ass dës Suppressioun net legal. Dofir hunn eng Rei Deputéiert de Conseil constitutionel ageschalt, dorënner och d’Ekologistin Lisa Belluco. Si seet dës Suppressioun wier net am initiale Gesetzesprojet gewiescht an hätt och näischt mat dësem ze dinn.
Och géif hei e wichtege Prinzip vum franséische Recht mëssuecht ginn, an zwar de Principe de non-régression. D’Argument vun der Droite fir d’Suppressioun ass, datt dës Zone géingen déi ländlech Populatioun a vill Betriber diskriminéieren, déi dacks méi al Autoen hunn.
Dat wier awer net wouer, esou d’Lisa Belluco. Et géinge schonn eng Rei Derogatioune ginn. Iwwer dräi Millioune Gefierer kéinten duerch d’Suppressioun nees an Zirkulatioun kommen. Frankräich géing dann awer och riskéiere géint d’EU-Direktiven iwwer d’Loftverschmotzung ze verstoussen.
D’Entscheedung vum Conseil Constitutionel gëtt an den nächste Wochen erwaart.