arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Prinzip vu Pollueur-Payeur fir Entreprisen a Frankräich gëtt op September verréckelt

Frankräich

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Prinzip vu Pollueur-Payeur fir Entreprisen a Frankräich gëtt op September verréckelt

Déi franséisch Regierung wëllt Entreprisen, déi d'Natur mat PFAS-Chemikalië belaaschten, bezuelen dinn. Eng Stroftax nom Prinzip Pollueur-Payeur war d'lescht Joer decidéiert ginn a sollt schonn a Kraaft sinn. Elo awer gouf dës op September verréckelt - zum Ierger vun den Ëmweltverbänn.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer | © picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer
Symbolbild (Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer)

100 € pro 100 g PFAS Chemikalien - souvill solle franséisch Entreprisen an Zukunft bezuelen, wann dës Éiwegkeetschemikalien vun de Fabricken an d’Waasser kommen.

Lëscht huet sech erweidert, weider Sitte betraff 

Eigentlech hätt dës Stroftax scho leschte Mount sollen a Kraaft trieden. De franséische Finanzministère huet awer matgedeelt, datt d’Tax eréischt am September kënnt. Et wéilt ee sécherstellen, datt d’Tax och juristesch waasserdicht ass.

Och wier de Retard dorop zeréckzeféieren, datt d’Lëscht vun de kontrolléierte Substanze rezent erweidert gouf an deemno och nei Sitte betraff sinn an een d’Moossmethoden elo och misst harmoniséieren.

Zënter dem 1. Januar gëtt d’Drénkwaasser op eng 20 nei Moleküllen aus der PFAS-Famill kontrolléiert. Dës Chemikalië kënne gravéierend gesondheetleche Konsequenzen hunn an zum Beispill de Risiko vun enger Kriibserkrankung erhéijen.

Kritik: Mesür kuckt just Waasser, net Loft 

PFAS sinn a villen Alldagsgéigestänn ze fannen a bléiwen Dausende Jore bestoen. Duerch de Retard bei der Ëmsetzung vun der Stroftaxe ginn dem Staat eng 15 Milliounen Euro verluer, déi dofir sollte gebraucht ginn, d’Waasser nees vu PFAS fräizemaachen. Besonnesch d’Kosmeetikbranche an d’Pharmaindustrie benotze vill Éiwegkeetschemikalien.

Den Ekologist Nicolas Thierry sot, d’Entscheedung vun der Regierung géing d’Interesse vun der Industrie iwwer déi vun de Bierger a Biergerinne setzen. Vill Ëmweltverbänn kritiséieren, datt elo eng Mesür verréckelt gëtt, déi vun Ufank un net perfekt war, well hei just d’Kontaminatioun vum Waasser, net awer déi vun der Loft gemooss gëtt.

play_arrow Lauschteren