arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Geféierleche Wiedercocktail: Historescht Héichwaasser als Naturkatastroph agestuuft

Frankräich

|
headphones

2 min

Geféierleche Wiedercocktail: Historescht Héichwaasser als Naturkatastroph agestuuft

Iwwerall a Frankräich gëllt de Moment eng Héichwaassergefor. D'Regierung huet déi aktuell Héichwaasser elo als Naturkatastroph agestuuft. Schonn d'lescht Woch hat de Stuerm Nils fir vill Iwwerschwemmunge gesuergt.

headphones

2 min

© EPA/GUILLAUME PINON
(Foto: EPA/GUILLAUME PINON)

Dräi Departementer si weiderhin ënner der héchster Warnstuuf. De Floss Garonne steet schonn zënter leschter Woch ënner héchster Warnstuuf. Och wann d'Situatioun sech berouegt huet, soll haut nees vill Waasser erofkommen an zu Héichwaasser féieren. 

Nach ëmmer sinn a verschiddene Regiounen 850.000 Stéit ouni Stroum. Verschidden Dierfer hu komplett missen evakuéiert ginn, well se komplett onbewunnbar gi sinn. 

Historesch Iwwerschwemmungen duerch Wiedercocktail

D'Iwwerschwemmungen sinn elo schonn historesch.

Plazeweis gëtt et zënter 32 Deeg Héichwaasser. An der éischter Hallschent vum Februar huet et esou vill gereent, wéi zënter 1959 net méi. Der Ministesch fir ekologesch Transitioun, Monique Barbut, no zënter 1959 wier de Buedem net méi esou saturéiert gewiescht wéi elo. 

Fir déi nächst Deeg warne Klimatologen och virun engem geféierleche Wiedercocktail.

Et sollen nämlech ee Stuerm an der Bretagne op eng Héichflut vum Mier treffen. Parallel schmëlz och nach de Schnéi an de Pyrenäen méi séier, soudatt och de Waasserpeegel vun de Flëss séier klëmmt. 

Assurance lancéiere Missioun fir séier ze entschiedegen

D'Assureure lancéieren wéinst dem Héichwaasser eng Erkundungs-Missioun fir d‘Leit a schwéier zougängleche Géigende méi séier ze entschiedegen. Dat huet d‘Federatioun vun den Assurance-Gesellschaften ugekënnegt. Et wier eng exceptionell Missioun un där suwuel Assureuren wéi Assurance-Experten bedeelegt wieren.

Bis ewell wiere scho 50.000 Schied bei verschiddenen Assurance-Gesellschaften gemellt ginn. Et wier awer nach ze fréi fir de Gesamtschued ze chiffréieren.