search

/ Arméisgewerkschaft fuerdert méi Loun fir fräiwëlleg Zaldoten

Gesellschaft

|
headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Arméisgewerkschaft fuerdert méi Loun fir fräiwëlleg Zaldoten

Déi fräiwëlleg Zaldote wieren ënnerbezuelt a missten e Recht hunn op d'mannst de Mindestloun ze verdéngen. Dat fuerdert de SPAL, de Syndikat vun der Lëtzebuerger Arméi. Aktuell kréiche verschidden Zaldote 2.200 Euro de Mount u Solde, dat si 500 Euro manner wéi den onqualifizéierte Mindestloun.

headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Dat wier ongerecht, esou gëschter um Dënschdeg de SPAL-President Christian Schleck op der Generalversammlung vum Syndikat.

An den aktuell ongewëssen Zäite missten d'Arméien an Zukunft an der EU opgestockt ginn, mee fir méi Zaldoten an Zaldotinne fir d’Arméi ze gewanne misst een och nieft dem Material an de Mënsch investéieren. Fir den Ament awer géife fräiwëlleg Zaldote just 2.200 u Solde kréien, mam Argument, datt si an der Kasär schlofen an do bekäschtegt ginn. Dat wier net akzeptabel. Dat niddregt Akommes kéint awer och spéiderhi Konsequenze fir d'Pensioun hunn, betount den Christian Schleck.

De SPAL fuerdert fir dës Zaldoten an Zaldotinnen awer och ee Statut.

"Den Employésstatut an der Karriär C2 wier do eiser Meenung no den ideale Statut. (…) Weiderhi kéinte mir op EU-Bierger zielen. Fir d'Arméi wier et sécherlech méi Professionalismus a méi Stabilitéit, déi mir hinnen domadder kéinte garantéieren."

SPAL fuerdert eng grondleeënd Reform fir d'Arméi

D’Besoinen un neie Rekrutte wiere grouss, engersäits wier et an dësen Zäiten de Besoin nei Leit ze rekrutéieren - geschwat gëtt vu 650 Zaldoten an Zaldotinnen. Anerersäits wier et awer och wichteg, de Leit gutt Konditiounen unzebidden. An de SPAL fuerdert och, datt bei deene risegen Depensen, déi annoncéiert goufen, och misst eppes fir d'Leit gemaach ginn, esou den Tom Braquet vum SPAL.

"Ouni ze bewäerten, ob dës Ausgabe richteg oder falsch sinn, wëllt ech hei kloer soen, datt et net ka sinn, datt d'Personaldecken net ka Schratt hale mat deenen Ausgaben. Dat ass einfach net méiglech. Et kann net funktionéieren. Dobäi kënnt, datt et einfach absurd ass, vun esou enger riseger Zomm mat néng Nullen exakt null Euro a seng eege Leit ze investéieren."

Dohier gëtt vum SPAL eng Reform fir d'Arméi gefuerdert. Wichteg wier et dann och en Defenseministère ze schafen, grad wéi een Ombudsman fir d'Arméi.

play_arrow Lauschteren