search

/ ArcelorMittal plangt gréissten Elektrouewen an Europa ze bauen

Frankräich

|
headphones

1 min

headphones

2 min

play_arrow

ArcelorMittal plangt gréissten Elektrouewen an Europa ze bauen

Zu Dunkerque a Frankräich wäert ArcelorMittal de gréissten elektreschen Uewen an Europa bauen. Dat huet de Stolproduzent bei enger Visitt vum franséische President Emmanuel Macron annoncéiert. Weiderhi ginn et awer Iwwerleeungen iwwer 5.000 Plazen an Europa ze sträichen - och zu Lëtzebuerg.

headphones

1 min

headphones

2 min

play_arrow
© NICOLAS BOUVY
(Foto: NICOLAS BOUVY)

1,3 Milliarde soll den elektreschen Uewe kaschten, deen et erlabe wäert Stol ouni Kuel an domadder méi ëmweltfrëndlech hierzestellen. Bis zu zwou Milliounen Tonne Stol kann en am Joer produzéieren a soll dobäi dräimol manner CO2-Emissiounen ausstousse wéi ee klasseschen Héichuewen.

2029 soll den Uewen asazbereet sinn. Zënter 2024 gouf et Iwwerleeunge fir dësen Investissement, gëschter um Dënschdeg gouf dësen elo annoncéiert. De President Emmanuel Macron, dee gëschter am Stolwierk bei Dunkerque op Besuch war, huet dëse Schratt begréisst. 

Nach d'lescht Joer goufen zu Dunkerque vill Plaze gestrach

Dësen Investissement, esou de Macron, wier een Zeechen, datt een déi europäesch, respektiv franséisch Stolindustrie virun der Konkurrenz aus dem Ausland misst stäerken an d’Ëmwelt schützen. Och de Chef vun ArcelorMittal Frankräich, den Alain Le Grix de la Salle, sot et wier ee Signal, datt ee sech net aus Frankräich géing zeréckzéien.

D’Gewerkschafte sinn awer skeptesch, well Arcelor iwwerleet iwwer 5.000 Aarbechtsplazen an Europa ze restrukturéieren an zum Beispill an Indien ze verleeën. Eng 1.150 Poste kéinten och zu Lëtzebuerg ewechfalen - dat wier eng vun dräi Plazen. Och am Norde vu Frankräich goufen d’lescht Joer scho 600 Plaze gestrach, de Groussdeel am Wierk bei Dunkerque.

play_arrow Lauschteren