Wéi de Premier sot huet Frankräich domat "endlech" e Budget. De Sébastien Lecornu hat entgéint sengem Verspriechen den ëmstriddenen Artikel 49.3 agesat. Domat konnt hien de Budget ouni Vott duerch d’Parlament kréien.
Mat der Ënnerstëtzung vun de Sozialisten, déi Concessioune gemaach kruten, huet d’Regierung e puer Mësstrauensvotten iwwerlieft.
D’Zil vum neie Budget ass et den héije Staatsdefizit vu Frankräich op 5 Prozent vum PIB ze reduzéieren.