arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Assemblée nationale stëmmt fir d'Nationaliséierung vun ArcelorMittal France

Frankräich

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Assemblée nationale stëmmt fir d'Nationaliséierung vun ArcelorMittal France

Kuerz viru Mëtternuecht an no iwwer 8 Stonnen Debat huet déi franséisch Assemblée nationale gëschter um Donneschdegowend fir d'Nationaliséierung vun ArcelorMittal France gestëmmt. D'Lénkspartei LFI hat dëse Gesetzesprojet abruecht fir d'Stolindustrie am Land ze retten. 

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© NICOLAS BOUVY
(Foto: NICOLAS BOUVY)

127 Jo-Stëmme géint 41 Nee-Stëmmen: D'Assemblée huet sech fir eng Nationaliséierung vun der franséischer Branche vum Stolkonzern ausgeschwat, dee säin Haaptsëtz zu Lëtzebuerg huet.

Parteie vun der Gauche halen zesummen

Fir 600 Aarbechtsplazen, déi hei akut a Gefor sinn, ze retten, fir d’industriell Souveränitéit ze garantéieren an d’Dekarboniséierung vun den Héichiewe virunzedreiwen, hat d’Lénkspartei LFI gëschter de Gesetzestext fir eng Verstaatlechung an d’Assemblée bruecht.

Mat Hëllef vun den anere Parteie vun der Gauche koum den Text op déi néideg Majoritéit. 

Droite: Verstaatlechung léist keng Problemer

De rietsextreemen RN ass zwar net prinzipiell géint méi staatlech Bedeelegung, huet sech awer beim Vott enthalen, well si d’Mesurë vun LFI net matdroe wollten.

Géint d’Nationaliséierung hate sech d’Droite an d’Regierungsparteien ausgeschwat. Eng Verstaatlechung géing vum Steierzueler bezuelt ginn a keng Problemer léisen, soten hir Deputéiert.

30 Prozent manner Demande fir Stol a Frankräich

Gëschter um Donneschdeg hat och de Chef vun ArcelorMittal France, den Alain Le Grix de la Salle, sech op France Info géint eng Nationaliséierung ausgeschwat. Den De Le Grix de la Sall sot, d’Demande fir Stol wier an de leschte fënnef Joer an Europa ëm 20 Prozent, a Frankräich souguer ëm 30 Prozent, zeréckgaangen.

Eng Nationaliséierung géing de Staat ongeféier 3 Milliarden Euro kaschten.

Elo muss de Senat sech mam Text befaassen a wäert dëse wuel refuséieren.

 

play_arrow Lauschteren