search

/ Appellprozess: Geldstrof vun Nottär Karine Reuter gouf ëm 90.000 Euro erof gesat

Justiz

|
reading time

1 min

Appellprozess: Geldstrof vun Nottär Karine Reuter gouf ëm 90.000 Euro erof gesat

Fir d’Nottär Karine Reuter huet sech de Wee op d’Cour d’appel gelount. An zwou Affären ëm jee eng Immobilientransaktioun gouf si nach ëmmer schëlleg gesprach. Hir Geldstrof gouf de Mëtten op der Cour d’appel vun am Ganzen 120.000 Euro op 30.000 Euro reduzéiert. 

reading time

1 min

Symbolfoto Dossieren | © picture alliance/dpa | Bernd von Jutrczenka
Symbolfoto Dossieren (Foto: picture alliance/dpa | Bernd von Jutrczenka)

An der éischter Affär goung et ëm eng verdächteg Immobiliëvente, am Januar/Februar 2021, bei där de Proprietär iwwert d’Ouer gehae gouf. D’Affer hat e Verkafskontrakt vun 200.000 Euro fir säin Haus am Neiduerf virgeluecht kritt, ma dat war op d’mannst 828.000 Euro  wäert. 

An der zweeter Affär goung et ëm Immobilien an Investisseuren aus Aserbaidschan. Iwwer de Kont vun der Nottär ware Virementen an Héicht vun zesumme bal 1,95 Milliounen Euro gelaf, fir de Kaf vu Quotes-parten an engem Gebai, dat ze baue war.