search

/ Appell vu Greenpeace un d'Regierung de Mercosur-Accord net matzestëmmen

National

|
headphones

1 min

Appell vu Greenpeace un d'Regierung de Mercosur-Accord net matzestëmmen

Iwwer d'Handelsofkommes mat de véier südamerikanesche Staaten soll haut um Freideg op Ambassadeursniveau ofgestëmmt ginn. D'Landwirtschaftsministesch Martine Hansen hat schonn ugekënnegt, datt Lëtzebuerg fir den Accord wier.

headphones

1 min

Greenpeace-Aktioun zu Mercosur | © EPA/OLIVIER HOSLET
Greenpeace-Aktioun zu Mercosur (Foto: EPA/OLIVIER HOSLET)

Laut Greenpeace géif dësen Accord zu enger massiver Zerstéierung vum Amazonasbësch féieren. Déi lokal Communautéiten an dëser Regioun géifen ënner de Konsequenze vum Handelsaccord ze leide kréien.

Dobäi hätt d‘Chamber nach am September unanime eng Resolutioun ugeholl mat der déi einheimesch Populatioune solle geschützt ginn, heescht et am Schreiwes.