search

/ Appell u politesch Responsabel: Kampf géint Klimawandel wier nach net verluer

Klimawandel

|
headphones

2 min

Appell u politesch Responsabel: Kampf géint Klimawandel wier nach net verluer

De Kampf géint de Klimawandel wier net verluer, esou den Ottmar Edenhofer, President vum European Scientific Advisory Board on Climate Change, am 100,7-Interview. Och wann d’Paräisser Klimazil, d’Äerderwiermung op 1,5 Grad vu virum industriellen Zäitalter ze limitéieren, net méi kann areecht ginn.

headphones

2 min

Prof Ottmar Edenhofer | © European Scientific Advisory Board on Climate Change
(Foto: European Scientific Advisory Board on Climate Change)

Den europäeschen Experte-Grupp appelléiert un déi politesch Responsabel, méi fir d'Resilienz géint d'Klimaverännerungen ze maachen.

Dräi Saile fir déi europäesch Klimapolitik 

Europa wier de Kontinent, dee sech am stäerksten ophëtze wäert. Dëst wier eng Tatsaach vun der Klima-Physik, esou de Professer a President vum europäesche Conseil fir Klimawandel, den Ottmar Edenhofer. 

"Wir rechnen damit in dem Szenario, dass die globale Mitteltemperatur sich so zwischen 2,8 und 3,3 Grad erwärmt, wenn man in Anschlag bringt, welche Politikmaßnahmen bisher geplant sind."

Dat géif fir Europa konkret ee Plus vu 4 Grad heeschen, esou den Ottmar Edenhofer. 

"Das ist auch die Empfehlung, die wir hier aussprechen, dass sich Europa auf dieses Vier -Grad -Szenario vorbereitet, als Anwendung des Vorsichtsprinzips."

Dem däitsche Klimafuerscher no bräicht d’europäesch Klimapolitik heifir dräi Sailen.

Éischtens missten Emissiounen d’office evitéiert ginn. Zweetens misst een esougenannten Negativ-Emissiouns-Technologien asetzen, déi CO2, dee schonn an der Atmosphär ass, nees erausfiltert.

An déi drëtt Sail wier d’Upassung un déi klimatesch Verännerungen, wéi méi héich Staumaueren oder d’Adaptatioun vun der Landwirtschaft. Dës Mesurë géife laangfristeg net just Mënscheliewe retten, mee och der Wirtschaft ze gutt kommen, esou de Bilan vum Professer Ottmar Edenhofer.

Lauschtert de ganzen Interview mam Professer Ottmar Edenhofer hei