Op hirer Reunioun haut um Dënschdeg zu Bréissel maachen d'Ëmweltministeren aus de 27 EU-Länner ee leschte Versuch nach virun der Weltklimakonferenz zu Belem a Brasilien, déi nächst Woch ass, een europäescht Klimazil fir 2040 ze definéieren.
Déi ausseruerdentlech Reunioun war aberuff ginn, nodeems si sech bis elo net eens gi war iwwer dat Gesetz, wat dëst Tëschenzil festleet.
Serge Wilmes: "Enorm wichteg" sech nach virun der Klimakonferenz een ze ginn
Déi dänesch EU-Presidence huet e puer Kompromësser op den Dësch geluecht, mee et bleiwen nach eng ganz Partie Froen op.
Zur Diskussioun steet net nëmmen d'Héicht vun deem Zil. Lëtzebuerg huet do eng kloer Positioun, dat sot den Ëmweltminister Serge Wilmer kuerz virun der Reunioun zu Bréissel.
“An eisen Ae muss dat Zil bei minus 90 Prozent par Rapport zu 1990 leien. Dat ass dat, wat eis d'Wëssenschaft seet.”
Et wier "enorm wichteg", sech nach virun der Weltklimakonferenz eens ze ginn, esou den CSV-Politiker. D'EU misst hir Positioun als Leader am Klimaschutz behalen.
Verschidden EU-Länner, virop Frankräich an Italien, hunn och méi Flexibilitéite gefrot. D'Staats- a Regierungscheffen haten op hirem Sommet virun zwou Wochen am Prinzip gréng Luucht dofir ginn.
Et sinn awer nach eng Partie Punkten ëmstridden.
Ënner anerem geet et do ëm d'Aféiere vun internationalen CO2-Kreditter: Déi Kreditter kéint ee Land um internationale Marché akafen an doduerch säi Klimazil verbesseren.
Gestridde gëtt doriwwer, wéi vill dovun dierfte fir dat globaalt Klimazil ugerechent ginn. Fir verschidde Länner dierften dat maximal dräi Prozent sinn, anerer géifen deen Undeel gären däitlech an d'Luucht setzen.
Lëtzebuerg wier iwwerdeems dofir, datt déi Kreditter just dann dierften ugerechent ginn, wa sech erausgestallt huet, datt een d'Objektiver net erreecht, fënnt iwwerdeems de Serge Wilmes.
"Mee mir wëllen net, datt déi Kreditter vun Ufank u géife benotzt ginn, fir iwwerhaapt emol net bis bei minus 90 ze kommen. Mir wëllen, datt all d'Konditiounen, déi um Dësch leien, ëmmer sollen iwwerpréift ginn, mee net, datt dat iwwergeuerdent Zil vu minus 90 a Fro gestallt ass."
Noutbrems fir Zil-Korrektur?
An der Diskussioun ass och eng Revisioun vun den Ziler am Joer 2030, bei där d’Länner kéinten eng Zort Noutbrems zéien, fir d’Objektiver no ënnen ze korrigéieren. Frankräich hat dës Mesure gefuerdert an den Informatioune vum Radio 100,7 no gouf dës Mesure och esou am Kompromësstext festgehalen.
Och hei ass ee sech awer net eens iwwer d’Modalitéiten an d’Konditioune vun esou engem Mechanismus.
Verschidde Länner, dorënner Lëtzebuerg, fäerten, datt esou eng Revisioun d’Zil u sech a Fro stellt an doduerch d’Betriber an d’Investisseure veronséchert ginn.
Klimazil duerch Flexibilitéiten a Gefor
Et misst ee sech och d'Fro stellen, ob um Enn d’Klimazil, wat ee sech gëtt, iwwerhaapt nach kann erreecht ginn, mat all deene Flexibilitéiten, déi elo am Gespréich sinn, esou de Serge Wilmes. Lëtzebuerg ass deemno net prinzipiell géint eng Revisioun, esou laang se d’Klimazil u sech net a Fro stellt.
"Dowéinst plädéiere mir dofir, eis elo ganz kloer d'Moyenen ze ginn, fir dat Zil ze erreechen an dat da vläicht reegelméisseg dann ze iwwerpréiwen, esou wéi et verschiddene Staate fuerderen. Mee datt mir net eist Zil aus den Ae verléieren an einfach opginn."
Um Enn misst ee vläicht d’Konditioune mee net d’Zil upassen, esou de Lëtzebuerger Ëmweltminister.
Zil bis 2035 fir op d'Klimakonferenz
Gi sech d’Ministeren haut iwwer een Zil fir 2040 eens, soll doraus d’Tëschenzil fir 2035 ofgeleet ginn. Dat Zil ass dat, zu deem sech d’EU dann op der Internationaler Klimakonferenz zu Belem a Brasilien engagéiere wäert.