D‘EU wäert dëst d'Zil d‘nächst Woch op der Klimakonferenz zu Belem a Brasilie virleeën.
D’Minus 90 Zil gesäit eng Reduktioun vun de CO2-Emissiounen ëm 90 Prozent par Rapport zu 1990 vir. A Punkto CO2-Kreditter, déi d'Länner akafe kënnen, fir dëst Zil ze erreechen, wier een e Kompromëss agaangen, esou de Serge Wilmes:
"Bon, elo am laangen Hin an Hier ass sech do lo festgeluecht ginn op bis zu 5 Prozent international Kreditter, déi ee kéint ab 36 da benotzen, fir kënnen dann d'Nonzeg-Zil ze erreechen. Dat ass eeben elo de Konsens, deen dobäi erauskomm ass. Dat war net d'Fuerderung vu Lëtzebuerg. Eis geet dat u sech och ze wäit. Mee et ass awer u sech de Präis elo gewiescht, fir kënnen d'Nonzeg-Zil an d'Klima-Gesetz festzeschreiwen."
Verschidden EU-Länner hate gefuerdert, datt déi international Kreditter, déi een als Land um internationale Marché kéint akafen, fir säi Klimazil ze verbesseren, maximal bei 3 Prozent leien dierften.
"Bon, ech menge mir hu jo schonn Diskussiounen zënter iwwer engem Joer, wou d'éischte Kéier d'EU-Kommissioun mat minus 90 Zil proposéiert huet, fir 2040 um Wee fir d'Klimaneutralitéit 2050 ze erreechen. An zënter deems ginn et eng Partie Länner, dont Lëtzebuerg, déi sech dofir agesat hunn, datt dëst Zil och da soll festgeschriwwe ginn an dat europäescht Klimagesetz."
Frankräich a Polen hate sech fir eng méi héich Limit staarkgemaach an hunn och un dëser Linn festgehalen, esou den Lëtzebuerger Ëmweltminister.
"Eng Partie Memberstaate wéi Frankräich notamment, hu gesot, si kéinten dat Zil net esou matdroen. Polen, déi och gesot hunn, dat wier fir si en Zil, well se et net kéinten ënnerstëtzen. D'ailleurs ënnerstëtze se et och weider net. Dat heescht, si wäerten hei en net politeschen Accord kënnen dozou ginn. Brauchen awer net d'Unanimitéit, mee eng qualifizéierte Majoritéit."
Et wiere ganz zéi Verhandlunge gewiescht, esou den Ëmweltminister Serge Wilmes. Mee och wann den Accord elo an ofgeschwächter Form do steet, schwätzt de Serge Wilmes vun enger Victoire, datt 27 EU-Länner sech konnten eenegen. Och wann den Accord net ganz der Lëtzebuerger Linn an der Klimapolitik entsprécht.