Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Sun Glitters - Secrets Feat. Drop The Gun

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ An Israel bleiwen, well ee vun der Famill gebraucht gëtt

Lëtzebuerger an Israel

An Israel bleiwen, well ee vun der Famill gebraucht gëtt

An der Nuecht vun en Donneschden op e Freide konnte 17 Lëtzebuerger, déi an Israel waren, rapatriéiert ginn. De Réckfluch gouf an enger Zesummenaarbecht vum Lëtzebuerger Ausseministère an den hollänneschen Autoritéiten organiséiert. Eng Persoun, déi sech dozou entscheet huet, dëse Vol net ze huelen, fir nach bei senger Famill zu Tel Aviv ze bleiwen, ass de Robi Wolf. Am Gespréich mam Sophie Schroeder huet hien seng Geschicht erzielt.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

© picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki play_arrow
Ee Flieger iwwer der Skyline vun Tel Aviv: ëmmer méi Leit ginn aus Israel ausgeflunn. (picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki)

Am September sinn de Robi Wolf a seng Fra op Tel Aviv geflunn, fir de Gebuertsdag vun hiren Enkelkanner ze feieren. Do wosste si nach net, a wat fir enger Angscht si liewe wäerten. Si wollten de Fils besiche goen, dee mat senger Famill zu Tel Aviv lieft, a sech eng schéin Zäit zesumme maachen.

E Liewen an der Onsécherheet

An de fréie Moiesstonne vum 7. Oktober si si vun de Sireenen aus dem Bett gejot ginn. Zanter deem ass näischt méi wéi et war. Tel Aviv war soss bekannt, eng lieweg Stad ze sinn, seet de Robi Wolf. Mee zanter den Ugrëff wier et do wéi ausgestuerwen.

“Bal keng Autoe méi, e puer Busser nach, bal keng Butteker méi op. Just Bäckeren a Supermarchéen an Apdikten. An ech war och am Supermarché, also do ass gehamstert ginn. Et ware keng Nuddele méi an de Rayonen a kee Räis méi do.”

Zu all Moment fillt ee sech onsécher, erzielt de Robi Wolf, dee kaum nach eraus geet. Wann d’Sireenen uginn, huet een 90 Sekonnen d’Zäit, fir an de Gank vum Gebai ze flüchten, am beschte wäit fort vun all Fënster.

“Am Ufank huet een Angscht, well et ass ongewëss, an déi Sireenen, dat Dauschen, dat schaudert engem. Et huet een en décke Knuet am Mo. A mir berouegen d’Kanner natierlech, dee klengsten ass véier an dat méi aalt ass aacht Joer.” 

D‘Kanner dierfen net ze vill Angscht kréien

An dëser Situatioun ze berouegen, ass awer alles anescht ewéi einfach. Haiser a Brand, doudeg Kanner, an nach vill méi Onmënschleches huet de Robi Wolf an de leschten Deeg scho misse gesinn. Esou onmënschlech, datt hien dat guer net wollt am Detail beschreiwen. Vun all deene Saache wëll hien seng Enkelkanner schützen.

“Mir äntwere just op hir Froen, wa si Froe stellen. An dat eelst an dee klenge soten och: mir hunn Angscht, wann d’Sireene lafen an dann erkläre mir, datt et ass, fir eis ze protegéieren. Méi soe mir awer net. A wärend dem Dag kucke mir och keng Tele a keng Noriichten. Just wéinst de Kanner, fir datt si net ze vill Angscht kréien.” 

Beim erziele wierkt de Robi Wolf gefaasst. E puer Mol kënnt hien an d’Stocken, seet awer, datt hien sech freet, iwwer seng Erliefnisser schwätzen ze kënnen. Et wier eng Oflenkung.

Wéini de Robi Wolf zeréck op Lëtzebuerg kënnt, weess hien nach net. Esou laang wéi et nach Onrouen zu Tel Aviv gëtt, wëll hien nach do bleiwen a fir seng Enkelkanner do sinn, wärend säi Fils schaffe goe muss.

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
International
Politik a Gesellschaft