D‘Direktioun géif sech awer weiderhin a Schweigen hüllen, heescht et am Presseschreiwes. Eenzeg d‘Personaldelegatioun wier invitéiert ginn, fir iwwer de Plan d‘organisation du travail ze schwätzen, ouni Presenz vun der Gewerkschaft. Dat hätt d‘Delegatioun awer refuséiert, d‘ITM wier avertéiert ginn.
D‘Entreprise géif wéi et schéngt och probéiere fir ganz séier neit Personal anzestellen. Wann domat déi Salariéen ersat sollte ginn, déi den Ament streiken, géif se sech an der totaler Illegalitéit beweegen an den OGBL géif appropriéiert dorop reagéieren, ass et d‘Warnung.
Et géif een sech op e laange Streik astellen, wann néideg och bis no Chrëschtdag.