Vun der nächster Rentrée (2026/27) u soll et d’Alphabetiséierung op Franséisch am ganze Land ginn. Et hätt awer un enger déifgräifender Evaluatioun vum Pilotprojet gefeelt, seet de President vum SNE Patrick Remakel.
"A bei dëse villen onbeäntwerte Froen handelt et sech net ëm Detailfroen, mee et geet hei ëm essenziell Froen, déi déi praktesch groussflächeg Ëmsetzung vun der Alphabetiséierung op Franséisch um Terrain an de Schoule betreffen."
Et hätt ee misse waarde bis d’Kanner de ganze Parcours vum Cycle 1-4 duerchlaf hätten. Dann hätt een objektiv d’Kompetenze vun de Kanner kënne beurteelen.
Ze wéineg Personal, ze wéineg Klassesäll
Duerch déi gemëschte Klasse fir déi zwou parallel Alphabetiséierunge géif et zu Problemer beim Opstelle vun de Stonnepläng kommen.
Den SNE wier dofir, datt een de Schoulen de Choix gelooss hätt, ob ee gemëschte Klasse wéilt a kéint maachen oder éischter getrennte Klasse fir déi däitsch an der franséisch Alphabetiséierung.
Den SNE hätt eng graduell Aféierung gewollt: Esou hätten nëmme Gemengen a Schoulen, déi sech prett spieren an déi néideg Infrastrukturen hätten, d’Alphabetiséierung op Franséisch kënnen ubidden.
Iwwerdeems kritiséiert den SNE, datt d’Elteren eleng de Choix kéinten treffen, ob hiert Kand op Franséisch oder op Däitsch soll alphabetiséiert ginn. D’Entscheedung kéint aus de falsche Grënn getraff ginn. An ob een d’Alphabetiséierung nach wärend dem Joer kéint änneren, wier och net gewosst, esou nach de Patrick Remakel President vum SNE.
Kanner mat spezielle Besoinen
Weider kritiséiert den SNE d’Prise en charge vu Kanner mat spezifesche Besoinen. D’Zuel u Kanner mat spezifesche Besoine wier staark geklommen. An obwuel och d’Ressourcen erhéicht gi wieren, géif et ëmmer nach net duer goen.
Den SNE begréisst et, datt verschidde Kompetenzzentere bäikommen oder dezentraliséiert ginn, mee um Terrain missten d’Ressourcen dann och richteg agesat ginn, esou de Patrick Remakel.
"Et muss endlech séchergestallt ginn, datt Kanner, déi Hëllef aus de Kompetenzzentere brauchen, déi och direkt an ouni Zäit ze verléieren an ouni allze vill administrativen Opwand kréien. (...) Fir deen ee Kompetenzzenter ze schwaach, fir deen aneren ze staark, mam finale Constat, datt d’Kand nach ëmmer am beschten an der normaler Klass ouni zousätzlech Hëllef opgehuewen ass."
D’Kanner dierften net de Spillball tëschent de Kompetenzzentere sinn, esou nach de Patrick Remakel.