Dat, obwuel Lëtzebuerg dat Land ass, dat am Verglach zum PIB am meeschte Sue fir Familljeleeschtungen ausgëtt. Am Rapport goufen 39 EU-Länner déi zur OECD gehéiere verglach. Lëtzebuerg kënnt op déi véiertlescht Plaz.
Niewent Lëtzebuerg ass den Aarmutsrisiko bei Kanner och a Frankräich, Island, Norwegen a Groussbritannien zanter 2014 méi schlëmm ginn. Ënnert de Länner déi sech verbessert hu sinn ënnert anerem Litauen, Lettland, Polen a Slowenien.