Radioen

On air

Moiesstudio  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Alerte orange wéinst héijen Temperaturen am Süde vum Land

MeteoLux

Alerte orange wéinst héijen Temperaturen am Süde vum Land

MeteoLux huet fir de Mëtteg eng orange Wiederwarnung wéinst grousser Hëtzt fir de Süde vum Land erausginn. D'Warnung gëllt vun 12 Auer de Mëtteg bis 19 Auer den Owend fir de Süde vum Land.

auto_stories

1 min

Héich Temperatur | © Bigstock
Foto: Bigstock

Erwaart ginn Temperaturen tëschent 33 a 35 Grad, esou MeteoLux. Orange ass déi zweet vun den dräi Warnstufen.

Déi wäermst Temperatur, déi jee op engem Augustdag um Findel gemooss gouf zënter 1947 läit bei 37,9 Grad. Dat war am Joer 2003.

Déi wäermst Temperatur, déi jee um Findel op engem Dag gemooss gouf, war am Juli 2019. Do goufen op engem Dag ganzer 39 Grad gemooss.