An enger éischter Phas solle bis zu 20.000 Menagë fräiwëlleg vun dëser Vereinfachung kënne profitéieren. Bis 2028 soll dës Zuel op 100.000 Dossiere klammen, hofft den Direkter vun der Steierverwaltung Jean-Paul Olinger.
Ee weidert Zil ass, datt bis 2028 85 Prozent vun de Steiererklärungen iwwert den elektroneschen Assistent op myGuichet.lu realiséiert ginn: 2023 waren et knapp 10 Prozent.
Donieft huet de Gilles Roth haut ugekënnegt, datt hie schonn dëst Joer der Chamber ee konsensfäege Virschlag fir d’Individualiséierung bei der Besteierung wëllt maachen.