Virgesinn ass och, datt Sportsveräiner solle gestäerkt ginn. Dem fréiere Sportsminister Georges Engel no, sinn awer eng Rei Punkten ze kuerz komm, déi virdrun awer gutt ausgeschafft gi wieren.
"Zum Beispill och d‘Zesummeschaffe mat de Gemengen an iwwert d'Sportsveräiner eraus d'Beweegung méi fërderen, datt déi net ugeschwat goufen. Wéi zum Beispill, et kënnt ee ganz vill an der Infrastruktur maachen, et kënnt ee ganz vill an der mobilité douce maachen, et kënnt ee ganz vill maachen a Wanderweeër, oder, wéi datt een d'Quartiere matenee verbënnt, fir datt d'Leit méi einfach zu Fouss an d'Schoul kënne goen, oder zu Fouss an de Sportsveräin oder an d'Kulturzenter."
Et géif drëm goen, ee Mentalitéitswiessel ze maachen, sou de Geoerges Engel. D'Leit misst mierken, datt een och zu Fouss séier vun A op B kéint kommen an datt ee gläichzäiteg eppes fir seng Gesondheet kéint maachen.
De Georges Engel appréciéiert awer dass am Mäerz oder Abrëll soll e Pilotprojet gestart ginn, wou Leit déi beim INAPS (Institut national de l'activité physique et des sports) ugestallt sinn, zweemol d’ Woch eng dräivéirels Stonn wärend der Aarbecht sollen zur Verfügung gestallt kréie fir Sport ze maachen.