Radioen

On air

9 bis 1  |  Soccer Mommy - Abigail

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Chambre des salariés spuert net mat Kritik un der Regierung

Neijoerschpatt vun der CSL

D'Chambre des salariés spuert net mat Kritik un der Regierung

D’Pensiounsreform an de Sozialdialog stoungen am Mëttelpunkt bei der Neijoerschreceptioun vun der Salariatskammer den Dënschdeg den Owend am Stater Cercle. D’CSL-Presidentin Nora Back huet sech an hirer Ried virun allem op deene Punkten un der Regierung geriwwen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Eric Ewald

Dobäi wier 2024, am Réckbléck, kee schlecht Joer gewiescht, mat den 100 Joer vun der Chambre des Salariés an de Sozialwalen. Doropshin hätt d’Regierung dunn d’Diskussioun iwwert d’Pensioune lancéiert.

An d’Salariatskammer eng eege Campagne dozou, net ganz fräiwëlleg, wéi d’Nora Back betount huet. Si ass op e puer Zuelen agaangen, déi vu Patronat a Politik net sou gär géife genannt ginn.

"D’Duerchschnëttsrent bei de Residenten, déi läit bei 3.350 Euro de Mount. Den Duerchschnëttspräis vun engem Zëmmer am Altersheim bei 3.300 Euro. Méi brauch ech dozou net ze soen. 80 Prozent vun de Rentner hunn eng Pensioun vu manner wéi 5.000 Euro."

D’Mindestrent wier vill ze niddreg, an den Aarmutsrisiko vun de Pensionnéierten hätt sech bannent 10 Joer méi wéi verduebelt, sou d’CSL-Presidentin. Déi géint eng Verschlechterung vun de Pensiounen ass a géint en Ausbau vun de privaten Zousazversécherungen, mee fir eng Reform am Sozialdialog. Zu deem de Chamberpresident Claude Wiseler iwwregens sot, datt een de Sozialdialog wëlle misst, béidsäiteg, e Sozialdialog am géigesäitege Respekt.

Regierungspak féiert net zu méi Steiergerechtegkeet

D’Upassunge vum Steierbarème un d’Inflatioun huet d’Nora Back begréisst. Dogéint géif den Entlaaschtungspak vun der Regierung net zu méi Steiergerechtegkeet féieren. Dozou sollt et iwwert de Wee vun der ugekënnegter grousser Steierreform kommen. CSV an DP wieren donieft nach op sozialem Plang an déi falsch Richtung ënnerwee.

"Do krute mer elo d’giel Kaart vun der europäescher Kommissioun. An hirem Tableau de bord social, wou si 17 Indicateure moossen, steet Lëtzebuerg 8 Mol net gutt do. Dat ass déi drëttschlechteste Plaz hanner Rumänien a Griichenland. Chômage, Aarmutsrisiko, ongenügend Sozialtransferte si just e puer vun deenen Indicateuren, wou Lëtzebuerg elo souzesoen iwwerwaacht gëtt."

Wéinst dem "Ugrëff op de System vun de Kollektivverträg an der massiver Ausdeenung vun der Sonndesaarbecht" wäert Lëtzebuerg och, wéi d’Presidentin vun der Salariatskammer fäert, traurege Champion bei de working poor bleiwen. Deene Leit also, déi trotz reegelméisseger Aarbecht ënnert der Aarmutsgrenz leien.

Lauschterenplay_arrow