Dacks wieren d‘Kontrakter hei ganz kreativ opgestallt, salariés a tâche intellectuelle géifen dacks individuell ausgehandelt Kontrakter kréien. Dës Praxis géif awer d‘Grondprinzipie vu der fonction publique ënnergruewen.
Generell géif ee beim Gemengepersonal eng héich Fluktuatioun an Onzefriddenheet feststellen. Dat géif dann nees zu Iwwerlaaschtunge féieren. D‘FGFC mécht hei virun allem onkloer Kompetenzeverdeelungen a gesetzlech Onstëmmegkeete responsabel.