D’ACEL huet betount, datt d’Studien- an Ausbildungszäite flexibel misste berécksiichtegt ginn. Eng Fuerderung, déi vun déi Lénk ënnerstëtzt gëtt.
Déi Lénk hunn d’Drénglechkeet vun der Reform a Fro gestallt, well de staatleche Rentefong aktuell 30 Milliarde Reserven hätt. Si hunn och gewarnt, datt d’Stäerkung vun de private Rentepilliere zu méi sozialen Ongläichheete féiere kéint. Béid Delegatioune fuerderen eng besser an transparent Informatioun vun der Regierung an een oppenen ëffentlechen Debat.