Viru puer Méint hätt d‘ADEM eng Etüd gemaach, iwwer déi dote Populatioun. Deemno géife sech déi Zuelen doduerch erklären, datt vill Leit, notamment Ukrainer:innen, Unisdiplomer aus net EU-Länner hunn. Dat wiere Bremsen, fir agestallt ze ginn, déi misste behuewe ginn.
Lëtzebuerg wier iwwerdeems ee vun de Länner an Europa, mam héchste Pourcentage vun héichqualifizéierte Leit, erkläert d‘Isabelle Schlesser. Dat deemno och méi där Leit an de Chômage kommen, wier ee Fait.
Ageschriwwe Profiller an déi, déi gesicht gi passen net iwwerteneen
Leit mat engem Unisdiplom wieren an der Reegel awer manner laang am Chômage, wéi Persounen déi keen Unisofschloss hunn, präziséiert d’Isabelle Schlesser. Iwwerdeems wier den Desequiliber tëscht deene Profiller déi bei der ADEM ageschriwwe sinn, an deenen déi gesicht ginn, ëmmer nach immens grouss. 2024 hätt d’ADEM fir e Véierel vun den Offere keng eenzeg Persoun kënne schécken.
Neie Phenomen wier heibäi, datt och an eenzele Secteuren, beispillsweis an der Informatik, d’Profiller net iwwertenee passen. D’ADEM géif hei probéieren, fir Leit déi eng Basis-Kompetenz hunn an de gesichte Beräicher weider ze forméieren, oder anerefalls Leit an d’Ausland sichen ze goen.