Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lex Delles: Kollektivverträg musse weider vun de Gewerkschafte verhandelt ginn

Aarbecht

Lex Delles: Kollektivverträg musse weider vun de Gewerkschafte verhandelt ginn

Fir d‘DP mussen d‘Gewerkschafte weiderhin dat exklusiivt Recht behalen, fir Kollektivverträg auszehandelen. Dat seet de Wirtschaftsminister Lex Delles no enger gemeinsamer Chamberkommissioun vu Wirtschaft a Kooperatioun.

auto_stories

1 min

Foto: Chambre des Députés

Déi hu sech haut mat der Liberaliséierung vun den Ëffnungszäiten ausernee gesat, nodeems de Wirtschaftsminister de concernéierte Projet de Loi virgestallt huet.

Fir de Lex Delles handelt et sech bei dem Projet de Loi ëm e Kompromëss tëscht Patronat a Salariat. Et géif nämlech dra stoen, datt d'Liberaliséierung vun den Ëffnungszäite just duerch Kollektivverträg kann ëmgesat ginn. A fir déi auszehandelen, sollen d‘Gewerkschaften dat exklusiivt Recht behalen, sou de Lex Delles.

Hannergrond ass, datt den CSV-Aarbechtsminister Georges Mischo ugekënnegt hat, datt och ouni d'Gewerkschafte misste Kollektivverträg ausgehandelt kënne ginn.