Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Alerte jaune vu Meteolux

Wiedersituatioun

Alerte jaune vu Meteolux

De Wiederdéngscht huet fir haut eng giel Warnung erausginn, eng Alerte orange wier net auszeschléissen, wéinst Donnerwiederen. No enger Wiederfront déi aktuell iwwert de Süden an Oste vum Land zitt, ginn et och Donnerwiedere vun den Owend 6 Auer un a bis Mëtternuecht. De Risiko vun engem Tornado kéint een haut net ausschléissen.

auto_stories

1 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Bigstock / trendobjects

De Risiko vun engem Tornado läit net bei Null, betount de Wiederdéngscht. Et kéint een déi awer weder am Viraus virgesinn, nach soe wou se entstinn. Et brauch een dofir nämlech ganz spezifesch a lokal Konditiounen. Engersäits brauch een, een Donnerwieder a sougenannte Superzellen, erkläert de Luca Mathias vu Meteolux.

Och wann d’Probabilitéit vun esou engem Tornado relativ niddereg wier, kéint een déi net ganz ausschléissen.

Lokal staark Reeschauere méiglech

Wärend den Donnerwiedere kéint et zu lokalen heftege Reeschauere kommen, seet de Luc Mathias.

"Laut de Modeller kann dat duerchaus bis zu 30 Liter an enger Stonn sinn, an och de Risiko vu Knëppelsteng ass definitiv och ginn, et kéinte Knëppelsteng sinn, déi méi grouss ewéi zwee Zentimeter kënne sinn, dee Potential ass haut och do. Zumools den Owend mat bësse méi kräftegen Zellen an natierlech och, Stuermstéiss mat esou kräftegen Donnerwiedere sinn dann och ëmmer probabel."

D’Wandvitess wärend deenen Donnerwiedere kéint 75 Kilometer an der Stonn erreechen.

Lauschterenplay_arrow