Radioen

On air

One World  |  Hierscht 2024

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Joëlle Welfring: Positiounswiessel vun der Regierung onverständlech a widderspréchlech

Schutz vum Wollef

Joëlle Welfring: Positiounswiessel vun der Regierung onverständlech a widderspréchlech

Déi gréng Deputéiert Joëlle Welfring kritiséiert der Landwirtschaftsministerin Martine Hansen hir Annonce, fir de Schutzstatus vum Wollef ze änneren. Déi fréier Ëmweltministerin gleeft och net, datt dat fir Lëtzebuerg näischt ännere wäert.

auto_stories

2 min

headphones

5 min

© Jo Diseviscourt play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

Den aktuelle Status wier wichteg fir den Aarteschutz. E géif nämlech de Schutz vum Wollef, wéi och dem Véi an dem Mënsch geschützt. Deemno wier déi 180 Grad Wendung vun der Lëtzebuerger Positioun onverständlech a widderspréchlech, fënnt déi fréier Ëmweltministerin Joëlle Welfring.

D‘Faktelag hätt sech an de leschte sechs Méint net geännert a wichteg Fortschrëtter riskéieren nees réckgängeg gemaach ze ginn. Richteg erkläre kann d‘Joëlle Welfring sech d‘Ännerung vun der Positioun net. Et géifen hir kloer Aussoe vum zoustännege Minister Serge Wilmes feelen. Si kritiséiert, datt bis elo nëmmen d‘Agrarministerin Martine Hansen sech geäussert huet.

Interview mat der Joëlle Welfringplay_arrow

Kritik vu Piraten

Och d‘Piratepartei huet der Landwirtschaftsministerin hir Decisioun kritiséiert, fir de Schutzstatus vum Wollef ze änneren. 

An engem Communiqué vun e Méindeg schreiwen d‘Piraten: Der CSV hir Decisioun, fir op europäeschem Niveau mat de Wee ze goen, fir de Schutzstatus vum Wollef erofzesetzen, géif weisen, datt fir dës Regierung beim Déiereschutz an Ëmweltschutz d'Devise gëllt: wat nervt, dat muss fort.