Radioen

On air

Moiesstudio  |  Réckbléck op d'Poopstvisitt

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vullenzorten zu Lëtzebuerg ginn däitlech zeréck

natur&ëmwelt

Vullenzorten zu Lëtzebuerg ginn däitlech zeréck

Et gëtt op en Neits een däitleche Réckgang bei ville Vullenzorten hei am Land, déi fréier nach heefeg virkomm sinn. Dat geet aus der aktualiséierter Versioun vun der rouder Lëscht vun de Brutvillercher ervir, esou natur&ëmwelt.

auto_stories

1 min

Bëschhong | © picture alliance / blickwinkel/M. Woike | M. Woike
Foto: picture alliance / blickwinkel/M. Woike | M. Woike

An de leschte 5 Joer wier d‘Populatioun vu 14 Zorte vu Brutvillercher hei am Land ausgestuerwen. Dorënner déi vum Bëschhong a vum Wuechtelkinnek. 7 wiere kritesch bedreet an 8 staark a Gefor, wéi zum Beispill d‘Schleiereil an de Feldspatz Grënn dofir si virun allem eng Verschlechterung vun de Liewensräim a Verännerungen duerch d‘Klimakris.

Allerdéngs hätt sech de Bestand vu verschiddenen Zorte vu Villercher duerch geziilt Schutzprojete kënne verbesseren, esou nach natur&ëmwelt.