Radioen

On air

One World  |  Hierscht 2024

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Serge Wilmes: "Wat tëschent Ursula von der Leyen a Luc Frieden geschwat gouf weess ech net"

Erofsetze vum Wollefsschutz

Serge Wilmes: "Wat tëschent Ursula von der Leyen a Luc Frieden geschwat gouf weess ech net"

Den Ëmweltminister Serge Wilmes huet sech elo eng  éischte Kéier zu der Lëtzebuerger Positioun a Saachen europäesch Wollefsschutz geäussert. Et wier eng Decisioun aus Solidaritéit mat deene Länner, déi Problemer mam Wollef hätten, och wann et der zu Lëtzebuerg keng géife ginn. De Wollef géif zu Lëtzebuerg weiderhi strikt geschützt bleiwen.

auto_stories

4 min

headphones

2 min

Serge Wilmes | © Chris Zeien play_arrow
Foto: Chris Zeien

Den Ëmweltminister Serge Wilmes verdeedegt seng Decisioun fir de Schutzstatus vum Wollef an der Europa erof ze setzen: Et wier ee solidaresch mat dene Länner déi Problemer hätten, ouni datt de Schutz vum Wollef zu Lëtzebuerg géif erof goen. 

Nodeems fir d‘éischt d‘Landwirtschaftsministesch Martine Hansen de Lëtzebuerger Revirement an dëser Fro confirméiert hat, mellt sech elo och den zoustännegen Ëmweltministère zu Wuert. Deen hat bis elo nach guer net kommunizéiert.

"Et ass ausgemaach ginn, datt mer natierlech de Moment, wann déi Conseilen zesummekomme géifen, mer dann och Stellung huelen an driwwer kommunizéieren, mee den éischte Conseil ass dee vun der PAC, also den Agrarconseil, an dowéinst huet fir d‘éischt Martine Hansen do driwwer kommunizéiert."

Nach viru sechs Méint hat sech de Serge Wilmes a senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro kloer fir d‘Erhale vum héische Schutzstatus fir de Wollef ausgeschwat. De Minister confirméiert och dat et zu Lëtzebuerg keng Problemer a keng Demande fir esou eng Decisioun gëtt. Och hien erkläert, wéi d'Landwirtschaftsministerin, datt ee vun anere Länner gefrot gi wier "Solidaritéit spillen ze loossen.

Zu Lëtzebuerg weider strikt geschützt

De Mouvement écologique hat der Regierung virgehäit, en Deal mat der EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen agaangen ze sinn. Mat dëser Decisioun wier een hir entgéint komm, si wier also reng politesch.

"Wat geschwat ginn ass tëscht der Madame von der Leyen an dem Här frieden, dat weess ech net, well ech si weder den Här Frieden nach d‘Madame von der Leyen da misst der si zwee eng Kéier froen." 

Ëm de Schutzstatus vum Wollef zu Lëtzebuerg bräicht een sech iwwerdeems keng Suergen ze maachen, sou nach den Ëmweltminister. Zu Lëtzebuerg wäert de Wollef weiderhi strikt geschützt ginn, seet hien.

Nach huet d‘Kommissioun net genuch Stëmmen hannert sech fir de Projet duerchzesetzen, hei dierft virun allem déi däitsch Positioun den Ausschlag ginn. 

Lauschterenplay_arrow

Protestpiquet vun natur&ëmwelt a Mouvement écologique

Virum Gebai vum Ëmweltministère hunn de moie Vertrieder:inne vun Natur an Ëmwelt a vum Mouvement écologique géint d’Decisioun vum Minister protestéiert. Joerzéngte laang Efforte, fir de Schutz vum Déier, géife futti gemaach ginn, an dat ouni Nout. Et wier dat ganzt falscht Signal wann ee sech fir d’Erhale vun der Biodiversitéit wéilt asetzen. 

Reaktioune lauschterenplay_arrow

Dementi vum Premier Luc Frieden

De Premier Luc Frieden dementéiert, datt et zu enger Ofmaachung mat der Presidentin vun der Europäescher Kommissioun iwwert de Schutzstatus vum Wollef koum.

Déi Lëtzebuerger Positioun wier net Bestanddeel vu sengem Gespréich mat der Ursula von der Leyen iwwert deen nächste Lëtzebuerger EU-Kommissär gewiescht, sou de Premier op eis Nofro. D’Presidentin hätt hien och net gefrot, déi Positioun ze iwwerdenken an d’Propos vun der Kommissioun ze ënnerstëtzen, de Schutzstatus ze labberen.

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Ëmwelt