Radioen

On air

Moiesstudio  |  Réckbléck op d'Poopstvisitt

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Offallsyndikater: SIDOR a SIGRE erhéijen d'Präisser nach net

Offall

Offallsyndikater: SIDOR a SIGRE erhéijen d'Präisser nach net

Am Géigesaz zum Offallsyndikat SIDEC solle beim SIDOR a beim SIGRE d'Präisser net an d'Luucht goen. Op d'mannst net dëst Joer. Dat preziséieren déi zwee Syndikater op Nofro hin. Méi nuancéiert gesäit et beim SIGRE awer fir d'nächst Joer aus.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Bigstoch /  karegg play_arrow
Foto: Bigstock / karegg

Ufank August war bekannt ginn, datt de SIDEC, de Syndicat intercommunal pour la gestion des déchets, seng Präisser ëm 60 Prozent héije géif, réckwierkend op den 1. Juli. Als Erklärung dofir gouf op d'Inflatioun verwisen, an datt d’Präisser zanter 2015 net méi ugepasst gi wieren.

De SIGRE* betount an enger schrëftlecher Äntwert, datt seng Tariffer fir 2024 warscheinlech net gehéicht musse ginn. Aktuell géif een de Budget fir dat anert Joer preparéieren, an dofir wier eng detailléiert Ausso fir 2025 nach net méiglech. Allerdéngs géif och beim SIGRE all Indextranche dozou bäidroen, datt alles méi deier gëtt, a well een e Budget commercial huet, misst de Budget um Enn vum Joer positiv sinn.

Adaptatioune fir Haus- a Sperrmüll net auszeschléissen

Dofir heescht et weider: "Vu datt mer zanter 2015 och just liicht Adaptatioune gemaach hunn, ass et awer net auszeschléissen, datt mer beim Haus- a Sperrmüll eng liicht Hausse musse maachen." Den Detail géif een awer eréischt wëssen, wann de Budget 2025 opgestallt wier. Woubäi eventuell Adaptatiounen nach vum Comité vum SIGRE, respektiv vum Inneminister missten approuvéiert ginn.

De SIDOR** betount iwwerdeems, datt hie sech ëm d’Verbrenne vum Reschtoffall bekëmmert; dat ass deen, deen an de groe Poubellë gesammelt gëtt an net méi kompostéiert oder recycléiert ka ginn. Esou datt de SIDOR de Gemengen eben nëmmen d'Verbrenne vun deem Offall verrechne géif, an do wier et am Moment net néideg den Tarif ze erhéijen, esou de SIDOR a senger schrëftlecher Äntwert.

Lauschterenplay_arrow

* Syndicat intercommunal pour la gestion des déchets ménagers, encombrants et assimilés en provenance des communes de la région de Grevenmacher, Remich et Echternach

**Syndicat intercommunal pour la destruction des ordures des communes des cantons de Luxembourg, d'Esch et de Capellen

Aktualitéit
National
Ëmwelt