arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Affekot vum Dr. Wilmes: Et gouf net u gesonde Knéien operéiert

Affär Wilmes

|
headphones

2 min

headphones

10 min

play_arrow

Affekot vum Dr. Wilmes: Et gouf net u gesonde Knéien operéiert

An der Affär Wilmes ass et fir d'Defense eegenen Aussoen no ganz kloer, datt den Dokter Philippe Wilmes net u gesonde Knéien operéiert hätt. Dat sot den Affekot François Prum am 100,7-Interview. 

headphones

2 min

headphones

10 min

play_arrow
Den Affekot François Prum. | © Jo Diseviscourt
Den Affekot François Prum. (Foto: Jo Diseviscourt)

Et wier “ganz kloer”, datt den Dokter kee medezinesche Feeler gemaach hätt, huet de Me François Prum erkläert. Et kéint een dat de Moment awer net beweisen, well een d’Lëscht vun de Patient:innen net géif kennen, vun deenen d’Virwërf solle kommen. 

Dem Affekot François Prum no, géif an dëser Affär och een Amalgam gemaach ginn, tëschent enger Operatioun, déi guer net néideg wier, also enger eventueller Mutilatioun, an enger Operatioun, déi net zu 100 Prozent geroden ass. 

"En Dokter kann zemools an esou komplizéierte Matière wéi Knéioperatiounen, net ëmmer senge Patienten 100 Prozent Satisfaktioun ginn. An ech mengen do si mer am ganz normalen Alea Therapeutique."

"All Prinzippie violéiert"

Zënter hien am Juli 2013 ugefaangen huet, hei am Land ze schaffen, hätt hie ronn 5.500 Patienten operéiert, esou den Dr. Philippe Wilmes am Interview am Lëtzebuerger Wort. 

Säin Affekot François Prum huet am 100,7-Interview d’Gesondheetsministerin Martine Deprez (CSV) op een Neits schaarf kritiséiert. Si wier mat dësem Dossier zënter Mëtt Dezember konfrontéiert gewiescht, wier dann awer ee ganze Mount um Dossier setze bliwwen. 

"An dann e Mount drop, do kommen dann déi anonym Virwërf nach op d'Tapéit, an do ass dann op eemol, wéi d'Gesetz et gesäit, an den Arrêté, péril en la demeure, an da muss den Dokter direkt aus dem Verkéier gezu ginn, well da gëtt e jo wierklech eng Gefor fir eis Santé publique."

Et wier net nozevollzéien, wéi "all déi Prinzippie konnte violéiert ginn", esou de François Prum. Dat souwuel vum Collège médical, wéi vun der Ministesch. 

Defense geet viru Verwaltungsgeriicht, soll Deprez Decisioun net zeréckzéien

De François Prum hofft, datt d’Chamber-Gesondheetskommissioun sech an hirer Sitzung ee Méindeg konkret mat der Fro vum Verhale vun der Ministerin beschäftegt.

"Déi sollt e Garant si vun eisem Rechtsstaat, déi iwwer esou Prinzippien ewech fiert. Dat ass einfach ganz schlëmm. Dat kënne mer net einfach esou nokucken."

Den Affekot verlaangt, datt d’Martine Deprez hir Decisioun vum 22. Januar vun engem deelweise Beruffsverbuet, also enger temporärer Suspendéierung als Chirurg géint den Dr. Wilmes zeréckzitt. Wann dat net geschitt, da géif een d’Entscheedung vun der Ministerin an den nächsten Deeg virum Verwaltungsgeriicht “attackéieren”.

De ganzen Interview lauschteren:

 

play_arrow Lauschteren