De Gilbert Pregno, President vun der Mënscherechtskommissioun kann d'Entschëllegung vum Marc Lies net gutt heeschen.
"Dat si Brandstëfter an dat bleift awer bei enger Rei Leit hänken”
Mat Aussoe wéi där vum Marc Lies, oder och rezent der DP-Deputéierte Simone Beissel am Kontext vum Heescheverbuet, géif een dem Populismus d’Strooss asphaltéieren.
Bedenken, déi och déi meescht Oppositiounsparteien an der Chamber deelen. Eenzeg den ADR-Deputéierte Fred Keup sot op eis Nofro, a sengen Ae géif den Tëschefall keng héich Welle schloen, ma et wier kloer datt de Lénksblock an der Chamber eng grouss Affär draus wéilt maachen.
Flüchtlingen ënner Generalverdacht
Den Deputéierte vun de Piraten, Sven Clement, kritiséiert, datt den Hesper Député-maire mat senger Ausso ouni all Beweis d’Flüchtlingen ënner Generalverdacht géif stellen.
D’LSAP-Deputéiert Taina Bofferding huet sech hirersäits schockéiert gewisen, datt esou eng Ausso vun engem gestanenen CSV-Politiker kënnt. Als Ausrutscher kéint een dësen Tëschefall net bezeechnen.
"En huet et jo geschriwwen, an en huet och nach op de Knäppche gedréckt, fir et online ze setzen. Ausserdeem huet e jo och bei Iech op der Antenn nach gesot, datt e bedauert, datt een hei am Land villes net méi sou soen däerf. Dat weist jo ganz kloer, datt en sech scho bewosst war, wat e geschriwwen huet an dat ass ganz kloer eng politesch, topeg Ausso"
Appell un d'Regierung sou Fäll méi eescht ze huelen
Och déi gréng Deputéiert Sam Tanson gesäit dem Marc Lies seng Ausso als extrem bedenklech un. Si appelléiert am un d’Regierung fir esou Tëschefäll vill méi seriö ze huelen, och fir en Exempel ze statuéieren.
"Ech froe mech och wéi een dann eiser Jugend an anere Mënsche soll erklären, datt se net sollen sou Aussoe maachen, wann Deputéierten esou Aussoe maachen. Ech hoffe wierklech, datt CSV an DP en aneren Ëmgang do fanne mat deene Froen."
Allen dräi fuerderen, op en Neits, datt d’Chamber sech méi e gereegelte Kader gëtt, wat d’Flichten an d’Behuele vun den Deputéierten ausserhalb vun der Chamber ugeet. Aarbechten an déi Richtung sinn amgaangen, d’Conférence des présidents sammelt aktuell Erfarungswäerter an deem Sënn vun auslännesche Parlamenter.