search

/ Aarbechtsvisitt vum EU-Verdeedegungskommissär: Europäesch Defense am Mëttelpunkt

Defense

|
headphones

3 min

Aarbechtsvisitt vum EU-Verdeedegungskommissär: Europäesch Defense am Mëttelpunkt

D’Prioritéite vun der europäescher Defense an de Lëtzebuerger Bäitrag dozou stoungen am Mëttelpunkt haut bei der Aarbechtsvisitt vum EU-Kommissär fir Verteidegung a Raumfaart. Donieft goung et ëm d’Ënnerstëtzung fir d’Ukrain.

headphones

3 min

Yuriko Backes, Andrius Kubilius | © SIP / Julien Warnand
Yuriko Backes, Andrius Kubilius (Foto: SIP / Julien Warnand)

Den Andrius Kubilius war bei der SES zu Betzder an hie gouf vum Grand-Duc Guillaume empfaangen. Donieft hat den EU-Kommissär Gespréicher mam Premier Luc Frieden a mat der Ministerin Yuriko Backes. 

Wéi kann Europa eng Zort Séier-Agräiftrupp opbauen?

De litaueschen EU-Kommissär Andrius Kubilius hat Mëtt Januar dëst Joer d’Iddi vun engem europäesche Sécherheetsrot an enger europäescher Arméi mat 100.000 Zaldote relancéiert. Dat wier néideg, fir de Kontinent am Fall vun engem US-Réckzuch ze schützen, hat hien an enger Ried a Schwede gesot.

Wéi kann Europa eng Zort Séier-Agräiftrupp opbauen? Dat wier eng Fro, déi ee sech misst beäntwerten, esou de Kommissär elo bei senger Aarbechtsvisitt hei am Land.

"E puer Experte schloe vir, datt mir eng europäesch Séier-Agräiftrupp brauchen, déi een och als europäesch Arméi bezeechne kann. Déi Arméi géif op jiddwer Fall amerikanesch Truppen ersetzen, mee si géif net déi national militäresch Forcen ersetzen, déi mir elo an Europa hunn."

Europäesche Sécherheetsrot als Plattform 

D’EU-Memberstaate missten diskutéieren, wéi eng europäesch Arméi kéint gemanaged ginn, esou den EU-Verdeedegungskommissär zur Fro, wéi se mat der NATO kéint coexistéieren. Den Andrius Kubilius huet un d’Iddi vun der Angela Merkel an dem Emmanuel Macron vu virun zéng Joer erënnert, fir dofir een europäesche Sécherheetsrot ze schafen. 

"Ech gesinn, datt esou eng Zort Plattform wierklech ganz néideg wier, fir Äntwerten op déi Froen ze fannen, déi Dir stellt an déi ech mir och stellen." 

Wéi ass déi Lëtzebuerger Positioun zur Iddi vun engem europäesche Sécherheetsrot an enger europäescher Arméi? Dozou d’Ministesch Yuriko Backes um Bord vun der Visitt vum EU-Kommissär.

"Elo perséinlech fannen ech dat eng Iddi, déi soll een net aus den Ae verléieren. Ech mengen et ass och keng ganz nei Iddi."

Nach wäit ewech vun enger europäescher Arméi 

Op klengen Niveau géif ee schonn dru schaffen, fir d'Arméie besser ze koordinéieren, esou d'Yuriko Backes. 

"Quitte, datt mer hei wierklech an absolutten nationale Kompetenzen a Souveränitéitsfroe sinn, mee fir do besser zesummen ze schaffen, ob dat ass via EU-Battlegroups zum Beispill oder och um binationalen Niveau, wou mir mat der Belsch de Bataillon binational amgaange sinn opzestellen."

Dat wier schonn eng kleng Versioun vun enger europäescher Arméi, esou d'Verteidegungsministesch. 

"Mee vun enger europäescher Arméi si mer natierlech ganz, ganz wäit ewech." 

Perséinlech géif si fannen, datt et eng Iddi wier, déi een net aus den Ae sollt verléieren, esou d’Ministesch. Et géif dobäi awer ëm Froe vun nationaler Souveränitéit goen. Vun enger europäescher Arméi wier ee “ganz wäit ewech”.